Stärebild VirgoDeJet, deen aus dem Zentrum vun der elliptescher GalaxieMessier 87 erauskënnt, kënnt vun engem supermassive schwaarze Lach hierstamen.
DeMessier 87 (och als NGC 4486 bezeechent) ass eng +8,60 mag hellellipteschRisegalaxie mat enger Flächenausdeenung vun 8.7' × 6.6' amStärebildVirgo (Jongfra oder och Joffer op Lëtzebuergesch).De Messier 87 ass eng ganz aktiv Galaxie, déi alsRadioquell och alsVirgo A bezeechent gëtt. D'Galaxie ass no beim Zentrum vumVirgo-Galaxiëkoup, wou den M87 dee gréissten ass, obwuel si un Hellegkeet am visuelle Beräich vum Spektrum vumM49 iwwertraff gëtt. D'Mass vum M87 ass ronn 100 BilliouneSonnemassen. Et gëtt ugeholl, datt am Zentrum vun dëser Galaxie e supermassivtSchwaarzt Lach mat enger Mass vun 3×109 Sonnemassen ass. Een däitlecht Zeechen dorop ass de siichtbareJet, dee vum Zentrum vun der Galaxie fortgeet.
Den M87 huet dat bis elo gréisst bekannt System vuKugelstärekéip vun enger Galaxie. Wärend eisMëllechstrooss ronn 200 Kugelstärekéip huet, geet een beim M87 vun enger Zuel ëm 15.000 souer Objeten aus. Um Bild op der Säit sinn déi meescht vun de stärenaartege Punkten am Beräich vun der Galaxie Kugelstärekéip.