Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Klengen Hantelniwwel

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n)Messier 76)
Messier 76 / Klengen Hantelniwwel
StärebildPerseus(Per)
Positioun fir d'EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun01h 42m 20s
Deklinatioun+ 51° 34' 31"[1]
Ausgesinn
Visuell Magnitude10,1[2] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,2 mag
Wénkelduerchmiesser2,7 × 1,8[2]
Physikalesch Donnéeën
Distanz(Lj)3.400[2]
Routverrécklung−64  10−6
Radialvitess−19,1[1]
Geschicht
EntdeckerPierre Méchain
Entdeckungsdatum5. September1780
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
GC385
M76
NGC650
PK130-10.1

Deklengen Hantelniwwel (oderMessier 76 oder ochNGC 650) ass eplanetareschen Niwwel amStärebildPerseus mat engervisueller Magnitude vun +10,10 mag. Den hellste Kärberäich miesst 1,45' × 0,7'Bouminutten. Deen eppes méi schwaache baussenzegen Deel huet knapps déi duebelt Gréisst. Wéinst hirer Form gëtt den Objetklengen Hantelniwwel genannt. Ganz baussenzeg ass enHalo, deen aus deem Gasmaterial besteet, deen de Stär scho laang virun derExplosioun a senger Phas alsRoude Ris ofginn hat. Dësen ass ronn 4,8 Bouminutte grouss. Dëse Wäert entsprécht an der Distanz vum Niwwel eng absolut Gréisst vun ongeféier 21 Liichtjoer.

Den Zentralstär erschéngt alsDuebelstäresystem. Unhand vu Fotoe mamHubble-Weltraumteleskop konnt awer gewise ginn, datt déi südlech Komponent tatsächlech ongeféier 20.000Liichtjoer hannert dem Niwwel läit. Déi béidStäre bilden also e sougenannt optescht Duebelstäresystem. Hir Distanz läit bei 1,4 Bousekonnen.

DenObjet huet laang als duebelen Niwwel gegollt, wat dozou gefouert huet, datt en och zwouNGC-Nummere krut. Um Enn vum 19. Joerhonnert hu spektroskopesch Analysen den Nowäis bruecht, datt et sech ëm e planetareschen Niwwel handelt.

Entdeckung

[änneren |Quelltext änneren]

De planetaresche Niwwel NGC 650 gouf de5. September1780 vum franséischenAstronomPierre Méchain entdeckt.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Messier 76 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,01,1SIMBAD
  2. 2,02,12,2SEDS
Nopeschobjeten amNGC-Katalog
Kuckt och
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Klengen_Hantelniwwel&oldid=2559247
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp