Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Whirlpool-Galaxie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n)Messier 51)
Whirlpool-Galaxie / M 51 / NGC 5194
D'Whirlpool-Galaxie mat Begleeder
StärebildCanes Venatici (CVn)
Positioun fir d'EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun13h 29m 52.37s
Deklinatioun+ 47° 11' 40.8"
Ausgesinn
Hubble-SequenzSA(s)bc pec;
HIISy2.5
Visuell Magnitude8,1 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
8,9 mag mag
Wénkelduerchmiesser11.2/6.9
Flächenhellegkeetmag/arcmin²12,7
Physikalesch Donnéeën
Distanz(Lj)(23 ± 4) Mio.
Routverrécklung(+1544 ± 10)  10−6
Radialvitess(463 ± 3)
Geschicht
EntdeckerCharles Messier
Entdeckungsdatum13. Oktober 1773
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
Arp85
GC3572
h1622
IRAS13277+4727
M51
MCG+08-25-012
NGC5194
PGC47404
UGC8493
VV403
ZWG246.8
KPG379A
2MASXJ13295269+4711429

D'Whirlpool-Galaxie (ochMessier 51 oderNGC 5194/5195 bezeechent) ass eng bekanntSpiralgalaxie vumHubble-Typ Sc, dat heescht mat däitlech opfälleger Spiralstruktur, amStärebildCanes Venatici. Den M 51 huet engvisuell Magnitude vu +8,40 mag an eng Wénkelausdeenung vun 10.8' × 6.6'. Hir Distanz läit bei ronn 31 MilliouneLiichtjoer, awer et gëtt och ofwäichend Miessungen an engem Beräich vun nëmme 15 bis hin zu 37 Millioune Liichtjoer. Et ass eng sougenanntFace-On-Galaxie.

Den M51 huet ee wiesselwierkende Begleeder. AmNGC-Katalog huet deen d'Nummer NGC 5195, den M51 selwer huet d'Nummer NGC 5194. D'Begleetgalaxie ass en irregulären Typ an huet eng Wénkelausdeenung vu 5.9' × 4.6' an eng Hellegkeet vu +9,6 mag.

Am M51 spillt sech am Ament eng aussergewéinlech aktiv Stäregebuert of, déi méiglecherweis duerch d'Gezäitewiesselwierkung mat dem NGC 5195 erbäigefouert gëtt. Dofir huet d'Galaxie en héijen Undeel vu jonken a masseräiche Stären, déi awer mat e puer Millioune Joer nëmme kuerzlieweg wäerte sinn. Am M51 goufe wärend 11 Joer zwouSupernovaen observéiert, d'SN 1994I am Abrëll1994 an d'SN 2005cs am Juni2005. Déi zwou Supernovaen hunn d'Enn vu masseräicheStären als Explosioune vumTyp Ic a vumTyp II markéiert.

Den M 51 ass och dofir interessant, well et eng vun den nooste Galaxië mataktivem galaktesche Kär ass, engSeyfertgalaxie vum Typ II. An hirem Zentrum verstoppt sech ee supermassiivtschwaarzt Lach.

D'Galaxie a verschiddene Spektralberäicher

[änneren |Quelltext änneren]

D'Galaxie gouf wéinst hirer Hellegkeet an de villen interessante Phenomeener mat verschiddenste Methode genee ënnersicht. AmRöntgenberäich kann een däitlech d'Begleetgalaxie gesinn, wougéint vum M51 selwer nëmmen de Kär geneesou hell ass. Dofir si verschidde Mechanisme verantwortlech. De Kär vum M51 ass hell, well et an him als aktive galaktesche Kär vill Kollisiounen tëscht Gase gëtt, alsoStärewand,Supernovareschter géi expandéieren, an d'Akkretioun vun der Matière an dat zentraalt schwaarzt Lach. D'Röntgenstralung vum Begleeder dogéint staamt wuel vun deKoronae vun de sëllege Stäre vumSpektraltyp vun derSonn a méi spéide Spektraltyppen of. Denultraviolette Spektralberäich gëtt dogéint vun de Spiraläerm vum M51 dominéiert. Dat läit dorun, datt do aktiv Stäregebuertsgebidder leien an domat vill jonk Stäre vu fréien Typpen, also besonnesch waarm Stären, existéieren, déi am Ultraviolett staark stralen. D'Stäregebuertsgebitt amSpiralaarm tëscht M51 an dem Begleeder ass besonnesch däitlech ze gesinn. D'Stäre vun der Begleetgalaxie sinn an deemSpektralberäich dogéint sou gutt wéi net ze gesinn.

Amsiichtbare Liicht sinn d'Undeeler vun de verschiddene Stären ausgeglach. Et erkennt een awer och do un der roudelzeger Faarf vum Begleeder, datt do kaum fréi Spektraltyppen existéieren. D'Gasniwwelen, normalerweisH-II-Gebitt, déi vum rosae Liicht vun deWaasserstofflinnen Hα bis Hδ dominéiert ginn, sinn am Kontrast däitlech verstäerkt, se wiere fir d'A net sou opfälleg. Dës Niwwele stëmme ganz gutt mat de méi hellen Ultraviolettgebidder iwwereneen, wat doru läit, datt d'Waasserstofflinne vun derBalmer-Serie liichten, well d'Niwwelen duerch d'ultraviolett Liicht vun de jonke Stären zum Liichten ugereegt ginn. Am noenInfrarout ass dogéint d'Verdeelung vun de Stäre vu méi spéide Spektraltyppen ze gesinn, déi nëmme wéineg 1000Kelvin waarm sinn. Si sinn eenzel zwar net sou hell wéi d'Stäre vu méi fréien Typpen, et sinn der awer méi. Am mëttleren Infrarout ass d'Verdeelung vuminterstellare Stëbs an der galaktescher Scheif bei verschiddenen Temperature vu wéinegen honnert Kelvin ze gesinn. Sou erschéngt zum Beispill d'Stëbsband um Spiralaarm lénks ënnen, dat d'siichtbart Liicht absorbéiert, donkel virun dem Spiralaarm, wärend et am mëttleren Infrarout selwer liicht. Dat klengt Stäregebuertgebitt, wat do läit ass däitlech siichtbar am Ultaviolett an am Visuellen am Niwwel. Et zeechent sech och am Stëbs als méi waarm wéi d'Ëmgéigend of.

AmRadioberäich, bestëmmen dann erëm Gaswolleken d'Bild, allerdéngs souer mat neutralem Gas aMoleküllen, woubäi d'Stralung vun ënnerschiddlechenEmissiounslinnen och staark ënnerschiddlech verdeelt ass, an doduerch Réckschlëss opTemperatur anDicht vum Gas erlaabt. Ausserdeem trëtt do den aktive Kär däitlech ervir. De Begleeder ass am Radioband nees däitlech méi donkel wéi den M 51 selwer, well do d'Radiostralung kaum vun de Stäre vu méi engem spéiden Typ, ofgesi vum Wand vu eenzelenAGB-Stären, oder dem Stëbs emittéiert gëtt.

  • Röntgenstralung
    Röntgenstralung
  • Ultraviolett Liicht
    Ultraviolett Liicht
  • Not Infrarout
    Not Infrarout
  • Mëttel Infrarout
    Mëttel Infrarout

Den aktive Kär

[änneren |Quelltext änneren]
Den aktive Kär vum M51

Déi hell Regioun ëmfaasst den aktive Kär vun der Galaxie. Um Bild vun der ganzer Galaxie uewen ass déi Regioun nëmmen e puer Pixel grouss am Zentrum vun der Spiral. Bei enger Distanz vun 30 Millioune Liichtjoer huet déi Regioun een Duerchmiesser vu ronn 120 Liichtjoer. Dat donkelt Band um Bild ass enTorus aus Stëbs, dee mer bal genee op d'Kant gesinn. Op bessere Biller gouf en helle Kär nieft dem donkele Band siichtbar.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Whirlpool-Galaxie – Biller, Videoen oder Audiodateien
Nopeschobjeten amNGC-Katalog
Kuckt och
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Whirlpool-Galaxie&oldid=2579890
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp