Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Plejaden (Astronomie)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n)Messier 45)
Messier 45
Plejaden
D'Plejaden (Reflexiounsniwwel)
StärebildTaurus(Tau)
Positioun fir d'EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun3h 47.4m
Deklinatioun+54°20′53.1″ + 24° 07′
Ausgesinn
Visuell Magnitude1,6 magm
Wénkelduerchmiesser110,0'
Stären500
Hellste StärAlkione, 2,86 magm
Physikalesch Donnéeën
Distanz  380 Lj. / 130 PC(Lj)
Routverrécklung 18  10−6
Radialvitess 5,41
Absolutten Duerchmiesser 170.000 Lj
Alter 100 Mio.
Geschicht
Entdecker prehistoresch
Entdeckungsdatum prehistoresch
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M 45
C 0344+239
H 0346+24
Mel 22

D'Plejaden (Siwestären), ochAtlantiden oderAtlantiaden genannt, sinn enoppene Stärekoup, deemat bloussem A gutt ze gesinn ass. Den däitschen Numm vun de Plejaden assSiebengestirn,Siwe Schwësteren aKluck. AmMessier-Katalog hu se d'BezeechnungM45. Si gehéieren zu eiser Galaxie, derMëllechstrooss.

Well d'Plejade scho laang virun der Erfindung vumTeleskop als Stäregrupp bekannt waren, ginn traditionell och dacks nëmmen déi hellst Haaptstären als Plejade bezeechent. A munneche Kulturen an historeschen Duerstellunge ginn nëmme sechs Stären zu de Plejade gerechent. De Grond dofir ass deverännerleche StärPleione. SengVisuell Magnitude variéiert lues, awer onreegelméisseg tëscht där vumTaygeta anCelaeno, soudatt de Pleione heiansdo eréischt da ka gesi ginn, wann de Celaeno och schonn erkannt gëtt.Mat bloussem A sinn dofir, jee no Siichtbedingungen, sechs bis néng Stären ze gesinn.

D'Plejade si vu Mëtt September bis Enn Abrëll um nërdleche Stärenhimmel ze gesinn.

De Stärekoup läit ronn 430Liichtjoer vun der Äerd ewech amStärebildStéier, ëmfaasst op d'mannst 1.200 Stären an ass ronn 125 Millioune Joer al.

AmNGC-Katalog sinn d'Plejaden net opgelëscht, dobäi gëtt et am Beräich vun de Plejade villReflexiounsniwwele mat eegenen NGC-Nummeren. Dozou gehéieren deMaja-NiwwelNGC 1432 an deMerope-NiwwelNGC 1435.Nëmme 36Bousekonnen oder 0,06Liichtjoer vumMerope ewech ass deBarnard-Merope Niwwel, e besonnesch helle Knuet am NGC 1435 mat der eegener KatalogbezeechnungIC 349.

Déi zwéin hellst Stären an de Plejade kruten hiren Numm vu Gestalten aus dergriichescher Mythologie, demTitanAtlas senger FraPlejone, souwéi hire 7 DiechterAlkyone,Asterope,Celaeno,Elektra,Maja,Merope anTaygete. D'Plejaden, déi zu denNymphen zielen, hunn denDionysos an denZeus opgezillt.

Der Mythologie no goufe se vumOrion verfollegt. Den Zeus huet si als Stärebild op den Himmel versat, awer och do goufe si vum Orion verfollegt, deem säi Stärebild ronn 30° südwestlech vun de Plejade steet.

De japaneschen Numm vun de Plejaden assSubaru. D'Markenzeechen vum Autohiersteller mam selwechtem Numm weist dofir sechs Stären op änleche Positiounen.

All 18,6 Joer kënnen d'Plejaden zäitweis vumMound bedeckt ginn. Eng nei Serie huet 2005 ugefaangen an hält 2009 op. Zu Lëtzebuerg ware Plejadebedeckungen tëscht 2005 an 2009 ze gesinn:

27. Januar 2007 (18:15 Auer MEZ), 24. Februar 2007 (00:45 Auer MEZ), 7. August 2007 (01:30 Auer MESZ), 28. Oktober 2007 (01:00 Auer MESZ), 21. Dezember 2007 (22:45 Auer MEZ), 12. Mäerz 2008 (19:15 Auer MEZ), 23. August 2008 (vun Hallefnuecht mat Moundopgang), 20. September 2008 (05:00 Auer MESZ), 13. November 2008 (19:15 Auer MEZ), 7. Januar 2009 (18:30 Auer MEZ), 18. Juli 2009 (03:15 Auer MESZ), 7. Oktober 2009 (23:45 Auer MESZ, ganz no dobäi) an den 29. Dezember 2009 (03:15 Auer MEZ).

Duerno muss bis zum Joer 2024 gewaart ginn, bis de Mound nees Kurs op d'Plejadestären hëlt.

Déi hellst Stären an de Plejaden

[änneren |Quelltext änneren]
NummBezeechnungVisuell MagnitudeSpektraltyp
Alkyoneη Tauri2,86B7IIIe
Atlas27 Tauri3,62B8III
Electra17 Tauri3,70B6IIIe
Maja20 Tauri3,86B7III
Merope23 Tauri4,17B6IVev
Taygeta19 Tauri4,29B6V
Pleione28 Tauri
BU Tauri
5,09 (var.)B8IVep
 HD 239855,23 
Celaeno16 Tauri5,44B7IV
Asterope21 Tauri
22 Tauri
5,64
6,41
B8Ve
B9V
 18 Tauri5,65B8V

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Plejaden – Biller, Videoen oder Audiodateien
Nopeschobjeten amNGC-Katalog
Kuckt och
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Plejaden_(Astronomie)&oldid=2529758
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp