Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Messier 44

Vu Wikipedia
Date vum Messier 44
Stärebild(Cnc)
Positioun (Equinoxe:J2000.0)
Rektaszensioun08h 40,4m
Deklinatioun+19° 41'
Ausgesinn
KlassifikatiounII,2,m (Trumpler),
d (Shapley)
magV+3,1m
magB3,46m
Wénkelduerchmiesser95' 
Stärenzuel350
Alter730 Mio.
Liichtjoer577
Katalogbezeechnungen
M 44,NGC 2632,OCl 507,C 0837+201,Mel 88,Cr 189,Lund 468

DeMessier 44,M 44 oderPraesepe (lat. firKrëpp), ochNGC 2632, gëtt an derAstronomie deenOppene Stärekoup genannt, deen owes umWanter- aFréijoershimmel schomat bloussem A als klengen Niwwelfleck ze gesinn ass. Déihimmlesch Fudderkrëpp, eng Aart Schimmer tëscht zwéi Stären am StärebildCancer, huet fréier och emol fir kuerzfristeg Wiederprognose hiergehalen, well si beiCirrus-Wolleken net ze gesi waren.

DëseStärekoup (ochM 44 nomMessier-Katalog) ass den drëtthellste vu senger Aart a fält op senger Positioun op, well et am Cancer keng méi hell Stäre wéi 4.Gréissteklass gëtt. Hie läit eppes westlech vun enger geduechter Linn vun den zwéi Stären γ Cnc an δ Cnc, déi ochAsellus Borealis anAsellus Australis genannt ginn (nërdlechen a südlechenIesel) an ass d'Fudderkrëpp vun den zwee Laaschtdéieren. Am Praesepe sinn iwwer 300 Stären an de Gréisseklassen tëscht 6m an 12m.

D'Nopeschstärebiller vum Cancer sinn déi opfälleg Stärebiller vuGemini an demLeo. De PlanéitSaturn ass 2005/06 zimmlech no beim Praesepe laanscht gezunn.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Messier 44 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Nopeschobjeten amNGC-Katalog
Kuckt och
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Messier_44&oldid=2529754
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp