Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Andromedagalaxie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n)Messier 31)
Andromedagalaxie
Foto vun der Andromedagalaxie M 31
StärebildAndromeda(And)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun0h 42m 44,31s
Deklinatioun+ 41° 16' 09,4"[1]
Ausgesinn
HubbleSA(s)b LINER
magV+3,5 mag[2]
magB+4,3 mag[2]
Flächenhellegkeet13,5 mag[2]
Wénkelduerchmiesser186,2 × 61,7[1]
Gehéiert zuLokal Grupp
Physikalesch Daten
Distanz2,5 Mio.Lj
Routverrécklung(−1004 ± 23)  10−6
Heliozentresch radial relativ Vitess(−301 ± 7)[1]
Duerchmiesserca. 140.000
Geschicht
EntdeckerAl-Sufi
Entdeckungsjoer905
Katalogbezeechnungen
Bode 3 GC Flamsteed 58 116, h 50, Ha 3.3 Hevelius 32 IRAS 00400+4059, IRC +40013 ;2MASX J00424433+4116074;MCG +7-2-16,Messier-Katalog 31,NGC 224,PGC 2557 ;UGC 454.

D'Andromedagalaxie (ochAndromedaniwwel genannt) ass engSpiralgalaxie vumTyp Sb. Si ass amMessier-Katalog alsM 31 an amNew General Catalogue alsNGC 224 agedroen. UmStärenhimmel ass s'amStärebildAndromeda ze fannen, no deem se benannt ass. A kloren Nuechte kann een d'Andromedagalaxie vun enger däischterer Plaz ausmat bloussem A gesinn.

Beschreiwung

[änneren |Quelltext änneren]

D'Andromedagalaxie ass 2,5 MilliouneLiichtjoer vun eis ewech. Si huet enHalo-Duerchmiesser vun ongeféier enger Millioun Liichtjoer an ass domat de gréisste Member aus derLokaler Grupp vu Galaxien. D'Andromedagalaxie huet eng Mass vu ronn 200 bis 400 MilliardeSonnemassen. Zesumme mat derMëllechstrooss gehéiert si zu de béide masseräichste Galaxië vun der Lokaler Grupp. D'ganz Mass kann nëmme geschat ginn, well de prozentualen Deel vunDonkeler Matière wann d'Distanz zum Zentrum vun der Andromedagalaxie méi grouss gëtt, spronghaft an d'Luucht geet.[3]

Neist Ënnersich weisen, datt d'Galaxie vun engem risege kugelfërmegen Halo aus dënn verdeelteroude Risestären ëmginn ass. Nach op enger Distanz vu 500.000 Liichtjoer vum Zentrum vun der Galaxie goufe Stären nogewisen. Den Duerchmiesser vun der visueller Scheif ass ongeféier 140.000 Liichtjoer grouss. D'Mëllechstroossesystem huet nëmmen en Duerchmiesser vu ronn 100.000 Liichtjoer. Den nächstklengste Begleeder vun der Lokaler Grupp, den M 33 (oderDräiecksniwwel) huet en Duerchmiesser vu ronn 50.000 Liichtjoer. No neisten Erkenntnesser huet M 31 ongeféier eng Billioun Stären,wärend d'Mëllechstroossesystem 100 bis 200 Milliarde Stäre huet. Ëm d'Andromedagalaxie leie méi wéi zéng kleng Satellittegalaxien, vun deenen der zwouelliptesch Galaxië sinn: deMessier 32 an deMessier 110. Follgend Begleeder si bekannt (Auswiel):

Opbau

[änneren |Quelltext änneren]
De KugelstärekoupMayall II am System vun der Andromedagalaxie

Den M 31 gëtt zanter laangem genee ënnersicht, well e relativ no läit an dem Mëllechstroossesystem gläicht.D'Andromedagalaxie huet déi selwecht Aarte vunastronomeschen Objete wéi eis Galaxie; vun der Äerd aus gesäit een awer "vu baussen" d'Struktur vun hire Spiraläerm besser wéi déi vun der Mëllechstrooss.Et sinn donkel Stëbsbänner (kuckt d'Foto), Stäregenesisgebidder an am baussenzege Beräich 400 bis 500Kugelstärekéip ze gesinn. De gréisste Kugelstärekoup,Mayall II, ass de gréissten Objet vun där Aart an der Lokaler Grupp.Besonnesch ass den Zentrum vun der Galaxie: Laang Zäit gouf geduecht, d'Andromedagalaxie hätt en duebele Kär aus zwee supermasseräicheSchwaarze Lächer an e puer Milliounen dicht zesummegedréckte Stären.Dobäi gouf ugeholl, datt eent vun de supermasseräiche Schwaarze Lächer aus enger fréierer Kollisioun mat enger anerer Galaxie kéint stamen.Nei Donnéeë vumHubble-Weltraumteleskop weisen, datt de Kär aus engem Rank vu méi ale rouden an engem Rank vu méi jonke bloe Stäre besteet, déi am Gravitatiounsfeld vun engem supermasseräiche Schwaarze Lach gefaange sinn.Dat Schwaarzt Lach ass mat ongeféier 100 Millioune Sonnemasse ronn 24-mol sou masseräich wéi degalakteschen Zentrum vun eiser Mëllechstrooss[4].

Eegebeweegung

[änneren |Quelltext änneren]

D'Andromedagalaxie huet par Rapport zum Mëllechstroossesystem engRadialvitess vu −114 km/s (zirka −410.000 km/h).[5] D'Minuszeechen dréckt dobäi aus, datt sech déi zwou Galaxien openeen zoubeweegen. De Wäert vu −114 km/s ënnerscheet sech vun derheliozentrescher Radialvitess, d. h. der Vitess, mat där sech den M 31 op d'Sonn zoubeweegt. Well d'Sonn hirersäits ëm degalakteschten Zentrum vun der Mëllechstrooss kreest – an zwar am Ament op M 31 zou –, ass déi heliozentresch Radialvitess mat ongeféier −300 km/s (zirka −1 Mio. km/h) däitlech méi héich.

Computersimulatioune weisen, datt a véier bis zéng Milliarde Joer déi béid Galaxië méiglecherweis kollidéieren a matenee zu engerelliptescher Galaxie oder duerch eng besonnesch Form vun derInteraktioun vu Galaxien zu engerPolarrank-Galaxie verschmolt ginn.[6],[7]

D'Transversalvitesse vum M 31 kann am Ament nach net direkt gemooss ginn, däerft awer net iwwer 20 km/s goen.[8] No der Entdeckung vunWaasser-Maseren am Joer2011 schéngt eng direkt Miessung vun der Eegebeweegung, wéi dat schonn am Fall vum Dräiecksniwwel gelonge war, a kuerzer Zäit méiglech ze ginn.[9]

Visualitéit

[änneren |Quelltext änneren]
Foto vum liichtstaarke Zentralberäich,Isaac Roberts1899
Foto am UV duerchGALEX
Infrarout-Emissioun (Fotoe vumSpitzer-Weltraumteleskop)
Foto am wäiten Infrarout duerch d'Herschel-Weltraumteleskop

D'Galaxie erstreckt sech mat 180'visuellen Duerchmiesser iwwer en Himmelsberäich deen ongeféier sechsmol sou grouss schéngt wéi deVollmound. Wann een denHalo an dës Date mat abezitt, deen normalerweis net ze gesinn ass, streckt sech d'Andromedagalaxie iwwer 30° um Firmament, ongeféier sou grouss wéi d'StärebildUrsa Major.

Éischt Fotoe vun der Andromedagalaxie goufe schonn ëm1900 gemaach. Zanter Ufank vum 21. Joerhonnert ass d'Galaxie och mat verschiddene Satellittenteleskopen observéiert ginn: amultraviolette Liicht duerchGALEX, am mëttlerenInfrarout duerch d'Spitzer-Weltraumteleskop an am wäiten Infrarout duerch d'Herschel-Weltraumteleskop.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

D'Andromedagalaxie ass mat bloussem A ze gesinn. Fir d'éischt gouf si am10. Joerhonnert  n. Chr. vum perseschen AstronomAl-Sufi beschriwwen, dee si „déi kleng Wollék“ genannt hat. DeCharles Messier hat si a sengemKatalog agedroen an d'Entdeckung allerdéngs demSimon Marius zougeschriwwen, dee si am Joer1612 duerch säinTeleskop observéiert hat. DeJ. L. E. Dreyer hat si alsNGC 224 a säi Katalog vun1888 opgeholl.

Laang Zäit war déi genee Natur vun deSpiralgalaxien onbekannt; si goufen duerch hiert AusgesinnSpiralniwwel genannt an als Deel vum Mëllechstroossesystem ugesinn. Dofir gëtt si och Andromedaniwwel genannt. DeWilhelm Herschel hat d'Distanz op héchstens den 2000-fachen Ofstand zuSirius geschat; dat sinn nëmme 17.000 Liichtjoer, wéi mer haut wëssen. Eréischt1864 war et demWilliam Huggins mat Hëllef vun derSpektroskopie den Ënnerscheed tëscht dem Andromedaniwwel, bei deem d'Spektrallinn duerch d'Kombinatioun vun deSpektre vu Milliarde vun Eenzelstären „verwëscht“ agetraff waren, an aneren Niwwel festzestellen.

DeVesto Slipher hat1912 unhand vun derBlovertécklung vun hire Spektrallinnen déiheliozentresch Radialvitess vun M 31 op 300 km/s a Richtung op d'Sonn berechent, déi héchst bis dohi bei engem Objet festgestallten (modern Miessunge erginn 300 ± 4 km/s[8][10]). Et war kaum virzestellen, datt een Objet bannenzeg der Mëllechstrooss sou séier konnt sinn. Am Joer1914 hat denArthur Stanley Eddington ugeholl, datt et sech bei de Spiralniwwelen ëm Galaxien, also Stäresystemer wéi eisem Mëllechstroossesystem handele kéint.1917 konnten tatsächlech Eenzelstäre mam leeschtungsstaarken Teleskop vumMount Wilson-Observatoire am Niwwel entdeckt ginn.1923 ass et demEdwin Hubble endlech gelongen – wann och mat engem Feeler– mat Hëllef vu verännerleche Stäre vun derCepheide Klass, seng Distanz op 900.000 Liichtjoer ze berechnen, an hien domat als extragalakteschen Objet z'identifizéieren.1952 hat deWalter Baade erausfonnt, datt déi vum Hubble erugerzunne Cepheiden eng bis dohin onentdeckte, duebel sou heller Klass ugehéierten, an hat d'Distanz op iwwer 2 Millioune Liichtjoer korrigéiert.

Am November2005 huet dat spueneschtInstitut d'Estudis Espacials de Catalunya/CSIC d'Entdeckung vun engembedeckungsverännerleche Stär am M 31 publizéiert. Mat Referenz op dee Stär konnt d'Distanz zu der Andromedagalaxie op 2,52 ± 0,14 Millioune Liichtjoer bestëmmt ginn.[11]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Andromedagalaxie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,01,11,2SIMBAD
  2. 2,02,12,2Students for the Exploration and Development of Space
  3. Sidney Van den Bergh: The Galaxies of the Local Group, Cambridge Astrophysics Series Nr. 35, 2000, S. 12.
  4. Bericht zur Masse von M 31 auf hubblesite.org, ofgeruff den22. Januar2012
  5. Loeb, A. & Narayan, R. (2007),arXiv:0711.3809.
  6. astronomie heute – Die ultimative Kollision
  7. astronomie heute – De groussen intergalakteschen Zesummeprall
  8. 8,08,1Courteau, S. & van den Bergh, S. (1999), Astron. Journal. vol. 118, S. 337http://adsabs.harvard.edu/abs/1999AJ....118..337C
  9. Darlin, J (2011),arXiv:1103.4788
  10. Mateo, M. L. (1998) Ann. Rev. Astron. & Astroph. vol. 36, S. 435http://adsabs.harvard.edu/abs/1998ARA%26A..36..435M
  11. http://adsabs.harvard.edu/abs/2005ApJ...635L..37R
Nopeschobjeten amNGC-Katalog
Kuckt och
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Andromedagalaxie&oldid=2580260
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp