Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Meenungsfräiheet

Vu Wikipedia

D'Meenungsfräiheet ass e fundamentaaltMënscherecht an e wesentleche Bestanddeel vun demokratesche Gesellschaften. Si ëmfaasst d'Recht vum Eenzelen, seng Meenungen an Usiichte fräi auszedrécken, ze verbreeden an z'empfänken, ouni dobäi Forme vu staatlecherZensur oderRepressioun ausgesat ze sinn. Dëst Recht ass a villen internationalen Ofkommessen an och an nationale Verfassunge verankert.

D'Meenungsfräiheet erstreckt sech op verschidden Ausdrocksformen, dorënner geschwaten a geschriwwe Sprooch, kënschtleresch Duerstellungen[1][2] an digital Kommunikatioun. Si ass enk mat derPressefräiheet an derInformatiounsfräiheet verbonnen an ass eng wichteg Grondlag fir d'ëffentlech Diskussioun, fir politesch Bedeelegung a gesellschaftleche Fortschrëtt.

Iwwer den Ënnerscheed tëscht Tatsaachen a Meenungen

[änneren |Quelltext änneren]

Eng Tatsaachebehaaptung ass net dat selwecht wéi eng Meenung. Et ka nëmme vun enger Tatsaachebehaaptung rieds goen, wann den Inhalt sech beleeë léisst. D'Ausso"D´Musel leeft vuWaasserbëlleg RichtungSchengen" léisst sech net beweisen (well et an der Realitéit ëmgekéiert ass, wéi sech liicht op der Plaz mat eegenen Aen beobachte léisst), an ass deemno och keng Tatsaach.

Eng falsch Behaaptung wéi "Den Hitler war e Kommunist" ze widderleeën, setzt d'Erunzéie vu méi geschichtlechen a politeschen Hannergrondinformatioune viraus, an ass méi opwenneg.[3] Esou Géigebeweisféierunge sinn ëmmer méi heefeg a Form vu sougenannte "Fakten-Checks" ze fannen, wou mam Zil vun derObjektivitéit all méiglech iwwerpréifbar Informatiounen erugezu ginn, fir kloer ze weise wat wouer ass a wat net.[4]

Meenunge si vuSubjektivitéite markéiert. Wann eng Persoun seet"Ech fanne Waasserbëlleg méi schéi wéi Schengen", dann ass dat där Persoun hir Meenung, an dréckt just eng perséinlech Präferenz aus, déi een deele kann oder och net[5].

Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg a seng Limitten

[änneren |Quelltext änneren]

Allerdéngs ass d'Meenungsfräiheet an deene meeschte Rechtssystemer net absolut; si kann duerch Gesetzer ageschränkt ginn, déi beispillsweisDiffamatioun,Haassried oder d'Verbreedung vu falschenInformatioune verbidden. An derLëtzebuerger Verfassung ass d'Meenungsfräiheet generell mam Artikel 23 gereegelt[6], woubäi awer och aner Artikelen (cf. Art. 15 (5) bei Kanner, Art. 84 bei Deputéierten[7], Art. 94 bei Membere vun der Regierung) dëst Thema beréieren:

Art. 23
La liberté de manifester ses opinions et la liberté de la presse sont garanties, hormis les infractions commises à l'occasion de l'exercice de ces libertés.
La censure ne peut pas être établie.

Deputéiert sinn opgronn vun der Verfassung nëmmen an hire Meenungsäusserungen geschützt, wann dës bei der Ausübung vun hire politesche Funktiounen geschéien.[8]

Déi méiglech Aschränkungen zu Lëtzebuerg vun der Meenungsfräiheet ergi sech aus dem Artikel 10 vun derMënscherechtsdeklaratioun, déi nomZweete Weltkrich[9] vun deVereenten Natiounen opgestallt gouf an där Lëtzebuerg sech ugeschloss huet[10]: wann et ëm d'national Sécherheet, ëm d'Erhale vum Land als Territoire, ëm d'ëffentlech Sécherheet, ëm d'Oprechterhale vun der ëffentlecher Uerdnung, ëm d'Bekämpfe vu Verbriechen, ëm de Schutz vun der Gesondheet oder der Moral, ëm de Schutz vum Ruff oder de Rechter vu Persounen, a weider, wann et fir ze verhënneren ass, datt vertraulech Informatioune verbreet ginn, a schlussendlech, wann et gëllt ze garantéieren, datt d'Onparteilechkeet an d'Autoritéit vun der Justiz erhale bleiwen, da sinn Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet ubruecht, déi dann duerch Gesetzer musse geholl ginn.

Zu Lëtzebuerg ass et ënner anerem verbuedenGenoziden ze verharmlosen[11] oder d'Negatioun dovun ze bedreiwen, dorënner fällt och d'Leegne vumHolocaust[12][13].

Besonnesche Schutz vu Persounen

[änneren |Quelltext änneren]

Bedroungen ze formuléieren a mat Behaaptungen eng Persoun ze diffaméieren, fir nëmmen déi Beispiller ze nennen, si Verstéiss géint Gesetzer a sinn domat Strofdoten.

D'Verbreedung vun Haass (englesch "Hate Speech", franséisch "incitation à la haine") fällt zu Lëtzebuerg ënner d'Bestëmmungen vumCode pénal, a gëtt vum Artikel 442-2 (obsessivt Nostellen) ofgedeckt, souwéi vun den Artikele 443 bis 452 (ëffentlech Beleidegungen an Diffamation) a 454 bis 457-4 (Kapitel VI iwwerRassismus,Revisionismus an anerDiskriminatiounen)[14].

Generell si Persounen besonnesch geschützt am Zesummenhank mat der Meenungsfräiheet, woubäi d'Intimsphär, d'Privatsphär an d'Ëffentlechkeet ënnerschiddlech bewäert ginn[15].

Meenungsfräiheet an der Online-Welt

[änneren |Quelltext änneren]

An der haiteger, digitaliséierter Welt, steet d'Meenungsfräiheet virun neien Erausfuerderungen an Debatten. Déi massiv Verbreedung vunDesinformatioun anHaassried opsozialen Netzwierker huet zu Diskussiounen iwwer d'Grenze vun der fräier Äusserung vu Meenungen amInternet gefouert.

Op där aner Säit bidden digital Plattformen nei Méiglechkeete fir de weltwäiten Austausch vun Iddien an d'Mobiliséierung vu Biergerinitiativen. De Schutz an de verantwortungsvolle Gebrauch vun der Meenungsfräiheet bleiwen zentral Themen an der gesellschaftlecher a politescher Diskussioun vum jonken 21. Joerhonnert.[16][17]

Moderatioun

[änneren |Quelltext änneren]

Op Online-Plattforme gëtt et eng Responsabilitéit vun de Bedreiwer, fir ze moderéieren[17]. D'Moderatioun besteet doranner, d'Inhalter vun enger Plattform z'iwwerwaachen, a problematesch Inhalter (Illegales oder Verstéiss géint spezifesch Benotzerreegelen vun der Plattform) ze läschen, an ënner Ëmstänn den Auteur ze spären. Déi Moderatioun, déi am Prinzip op d'Oprechterhale vun de gesetzlechen Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet begrenzt ass, ass ausdrécklech net matZensur ze verwiesselen. Ëmgekéiert bedeit d'Feele vun enger Moderatioun op enger Plattform, datt d'Inhalter déi do ze fanne sinn, jee nodeem, strofbar kéinte sinn: et gëtt deemno och eng Eegeresponsabilitéit vun de Leit, déi um Internet Informatioune weiderverbreeden oder derzou bäidroen[18].

Et gëtt wéinst e puer Grënn weltwäit keng eenheetlech Standarde fir Moderatioun vun Inhalter um Internet. D'Bedreiwer vu Plattformen, déi weltwäit opruffbar sinn, hunn hire Sëtz meeschtens am Ausland a sinn do anere Gesetzer ënnerworf. Déi selwecht Bedreiwer kënne méi oder manner beméit sinn, Moderatioun op hire Plattformen ëmzesetzen. Méiglecherweis leeë si Gesetzer och ënnerschiddlech aus, wann se Moderatioun praktizéieren[19]. Meenungsäusserungen um Internet wieren, well déi grouss Plattformen (Facebook,X,Instagram asw.) aus deVereenegte Staate kommen, net méiglech ouni deCommunications Decency Act, och bekannt alsSection 230: dës Reegelung betrëfft d'Haftung vun de Plattformbedreiwer fir Inhalter vun hiren Benotzer[20].

Bewosst Falschmeldungen

[änneren |Quelltext änneren]

Falschmeldungen, dacks och als "Fake news" (englesch) bezeechent, sinn u sech näischt Neies. Allerdéngs krute se wéinst der Méiglechkeet s'um Internet séier a wäit ze verbreeden, e ganz neie Stellewäert a stelle Gesellschaft a Politik virun eng grouss Erausfuerderung[21][22]. Eng Moderatioun ass praktesch quasi net méi méiglech.

Bestëmmt Tatsaachebehaaptungen kënnen, och wann se noweislech falsch sinn oder express wesentlech Informatiounen ewechloossen, heiansdo awer net illegal sinn. Wann esou Behaaptunge bewosst verbreet ginn, beispillsweis aus politesche Grënn, da geet et ganz heefeg ëm d'Verbreede vun Desinformatioun oder och ëm Haassried. Wann d'Auteuren vun esou Falschmeldungen argumentativ widderluecht ginn, da riede se sech dacks mam Schäinargument[14] vun der Meenungsfräiheet eraus.

Zesummefaassung an Ausbléck

[änneren |Quelltext änneren]

Meenungen an Tatsaache sinn net dat selwecht. Meenungen, déi ëffentlech geäussert ginn, kënnen ënner Ëmstänn géint Gesetzer verstoussen. Wa Leit sech an deem Fall beschwéieren datt"een haut net méi alles soe kann", da läit dat méiglecherweis dorun datt hir Aussoe virun den Zäite vu Soziale Medien och scho problematesch waren, mä datt et just kengem opgefall ass, deen dorobber hin aktiv gi wier (Widdersproch, Moderatioun oder Klo virum Geriicht). Dobäi kënnt och eng gesellschaftlech Entwécklung, déi méscht datt d'Leit eng Tendenz hunn, fir vill méi genee ze liesen, wie wat gesot oder geschriwwen huet: wann d'Grenz tëscht Tatsaachebehaptung a Meenung net eendeiteg ass, kann et zu Problemer kommen.

An der Online-Welt ass am Ament net kloer a wéi eng Richtung d'Entwécklung geet: wäert et méi oder manner Reguléierung ginn, dat och besonnesch am Hibléck op den Asaz vukënschtlecher Intelligenz? Mat K.I. kann een haut schonn theoretesch jidder Eenzelem seng perséinlechFilterblos bauen[23], wou deem seng Meenung ëmmer bestätegt a verstärkt gëtt[24]. Dat ass eng ganz grouss Gefor fir d'Demokratie, well sou Filterblosen e staarken Afloss op d'Meenung duerstellen. Eng fräi Meenungsbildung setzt viraus, datt een all wesentlech Informatiounen (Tatsaachen) iwwer en Thema kann zur Kenntnis huelen, a net just eng tendenziéis Auswiel dovunner oder glat gefälscht, respektiv manipuléiert Informatiounen.[25]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (lb)Aulner, François, Face-à-face - Fred Keup vs Serge Tonnar: Fakten, Meenung oder Interpretatioun. rtl.lu (20.11.2024). Gekuckt de(n) 20.11.2024.
  2. (de)Molitor, Simone, Fred Keup und Serge Tonnar liefern sich Schlagabtausch. Wort.lu (20.11.2024). Gekuckt de(n) 20.11.2024.
  3. (lb)Goerens/Aulner, Annick/François, "Den Hitler war e Kommunist". Si Lige geschützt? Wéi wäit geet d'Meenungsfräiheet?. rtl.lu (4. Mäerz 2025). Gekuckt de(n) 5. Mäerz 2025.
  4. (de)Wesolowski/Klug, Kathrin/Tetyana, Faktencheck: Warum Hitler kein Kommunist war. Deutsche Welle (10. Januar 2025). Gekuckt de(n) 5. Mäerz 2025.
  5. (de)Unwahre Tatsachenbehauptung und Schmähkritik. Schutz der persönlichen Ehre vor rechtswidrigen Äußerungen. WBS.LEGAL Rechtsanwaltsgesellschaft mbH & Co. KG (2024). Gekuckt de(n) 16.11.2024.
  6. (fr)Constitution du Grand-Duché de Luxembourg, version consolidée applicable au 01/07/2023. Etat du Luxembourg (01.07.2023). Gekuckt de(n) 15.11.2024.
  7. (lb)Claude Wiseler: D'Responsabilitéit vum Chamberpresident ass net engagéiert. https://www.100komma7.lu (13.02.2025). Gekuckt de(n) 16.02.2025.
  8. (lb)Sanktioune géint Tom Weidig? : Adr-Nationalkommitee ënner Drock. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 18.02.2025.
  9. Haassried hat am Drëtte Räich d'Grondlag geluecht, fir d'Entmënschlechung an d'Verfollege vu Minoritéite, besonnesch Judden, andeems duerch systematesch Propaganda an Hetz an de Medien, d'Akzeptanz fir d'Diskriminéierung - an a leschter Konsequenz och fir den Holocaust - geschafe gi war.
  10. (fr)Loi du 29 août 1953 portant approbation de la Convention de sauvegarde des droits de l’homme et des libertés fondamentales, signée à Rome, le 4 novembre 1950, et du Protocole additionnel, signé à Paris, le 20 mars 1952.. Etat du Luxembourg (29.08.1953). Gekuckt de(n) 15.11.2024.
  11. (lb)Video: Zolidd Kritik um Tom Weidig: Chamber stëmmt eestëmmeg Resolutioun géint Gewalt, Haass an Diskriminatioun. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 16.02.2025.
  12. (lb)Revisiounismus: Mann wéint Minimiséiere vum Holocaust viru Geriicht. rtl.lu (16.02.2024). Gekuckt de(n) 21.11.2024.
  13. (lb)Koenig, Thomas, Negationismus: Wéi wäit musse mir eis beschränken, fir fräi ze sinn?. 100komma7.lu (26.02.2019). Gekuckt de(n) 21.11.2024.
  14. 14,014,1(de)BEE Secure, "Hate Speech" und das Gesetz. BEE Secure (Juni 2017). Gekuckt de(n) 16.11.2024.
  15. (de)Autorenteam iRights.Lab, Das Sphärenmodell zur Bemessung von Persönlichkeitsrechtsverletzungen. Bundeszentrale für politische Bildung (17.03.2017). Gekuckt de(n) 17.11.2024.
  16. (fr)Montaigu, Geneviève, Les fake news inquiètent à la veille des élections. Le Quotidien (10.12.2022). Gekuckt de(n) 15.11.2024.
  17. 17,017,1(lb)Goerens, Annick, Dir hutt d'Wuert: Geet Iech d'Meenungsfräiheet hautdesdaags net wäit genuch oder ze wäit?. RTL.lu (15.11.2024). Gekuckt de(n) 15.11.2024.
  18. (de)Fake News: Wenn von der Wahrheit kein Körnchen übrig bleibt. anwalt.org (16.08.2024). Gekuckt de(n) 16.11.2024.
  19. (de)Weissenburger, Peter, Section 230 – Haftung Sozialer Medien. Dürfen sich Twitter & Co. selbst regulieren?. deutschlandfunk.de (25.05.2021). Gekuckt de(n) 16.11.2024.
  20. (en)47 U.S.C. § 230. Electronic Frontier Foundation. Gekuckt de(n) 16.11.2024.
  21. (de)Der Umgang mit Fake-News. Rechtslage und Reformansätze. Deutscher Bundestag, Wissenschaftliche Dienste (2016). Gekuckt de(n) 16.11.2024.
  22. (de)Fake-News. Definition und Rechtslage. Deutscher Bundestag, Wissenschaftliche Dienste (2017). Gekuckt de(n) 16.11.2026.
  23. Harari, Yuval Noah (2024). Nexus: A Brief History of Information Networks from the Stone Age to AI. New York: Random House. ISBN 9780593467169.
  24. (en)Collier, Kevin, An AI-powered bot army on X spread pro-Trump and pro-GOP propaganda, research shows. NBC News (16.10.2024). Gekuckt de(n) 17.11.2024.
  25. (lb)Faktencheck: KI, eng nei Front vun Desinformatioun. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 16.02.2025.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Meenungsfräiheet&oldid=2597540
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp