![]() | DëseMuseksartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mathias Schou | |
---|---|
Gebuer | 30. Mäerz1747 Gréiwemaacher |
Gestuerwen | 17. Oktober1824 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Museker, Violonist |
![]() |
DeMathias Schou, gebuer den30. Mäerz1747 zuGréiwemaacher, a gestuerwen de17. Oktober1824 zuEech, war e Museker a Spillmann - haut géif ee wuel Entertainer soen -, deen als deBlannen Theis[1] am ganze Land bekannt war.
Iwwer säi Liewen ass wéineg bekannt. Hie schéngt awer vu Gebuert aus blann gewiescht oder op d'mannst ganz schlecht gesinn ze hunn[2]. Mat senger Fra Barbe a mat sengem Hond si si uechter d'Land gezunn an hu Vollekslidder virgedroen. De Blannen Theis huet d'Gei gespillt a gesongen, seng Fra huet dobäi gedanzt.
Hien ass ee vun deenen éischten am deemolege Lëtzebuerg, dee Vollekslidder systematesch gesammelt huet. Et ass net bekannt, ob hie selwer och Lidder komponéiert huet. Säi Repertoire gëtt engem en Abléck an d'Liewe vun de Baueren an den einfache Leit am 19. Joerhonnert, mat Lidder wéi:
Nach en ettlech Joren no sengem Doud sinn Anekdoten a Spréchelcher vun an iwwer hien erzielt ginn. Sou soll hien z. B. nom grousse Brand, 1822 zu Réimech gesot hunn: "Wann dat net géint d'Wandlais ass, da weess der Däiwel, wat besser ass."
Wéi1991 d'Grand-Rue zu Gréiwemaacher alsFoussgängerzon amenagéiert gouf, ass eng Skulptur vum Blannen Theis – déi vumWil Lofy geschaaft gouf[3] – nieft derKierch zu Maacher opgestallt ginn. Dat selwecht Joer ass d'Strooss nieft derMuselbréck no him genannt ginn (rue Mathias-Schou).
150 Joer no sengem Doud huet d'Lëtzebuerger Post enTimber zu sengem Gedenken erausbruecht.
Wikisource: Mathias Schou – Quellentexter |