Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Marsupilami

Vu Wikipedia
Marsupilami
CreateurAndré Franquin
Ass en(g)Comicfigur
Geschlechtmännlech
Universum
Present amSpirou et Fantasio
Wandmolerei vum "Marsupilamisnascht" op enger Säitewand vun engem Policebüro zu Bréissel.

DeMarsupilami ass e Personnage aus derComic-SerieSpirou et Fantasio. En hat säin éischten Optrëtt an der ZäitschrëftSpirou den31. Januar1952 anLes Héritiers de Spirou. Erfonnt a gezeechent gouf e vumAndré Franquin. Zanter1987 gëtt et eng eege Comic-SerieLes aventures du Marsupilami, déi vumGreg aYann geschriwwen a vumBatem gezeechent gëtt.

De Marsupilami lieft amDschungel vuPalombien (engem fiktivesüdamerikanesche Land). E leetbiereförmegEeër, ass ongeféier ee Meter grouss, an huet e giele Pelz mat schwaarzen Tëppelen. Et gëtt och Marsupilamien, déi ganzschwaarz sinn. Et verwonnert e bëssen, datt en als Déier, dat Eeër leet, enNuebel huet.

Säi Schwanz ass bis zu aacht Meter laang an déngt, wann en zu engem Knuet geformt ass, als Verdeedegungs- an Ugrëffswaff. Zu enger Spiral zesummegerullt funktionéiert e wéi engSprangfieder, déi him erméiglecht, bis zu 20 Meter héich ze sprangen. De Marsupilami ass, fir seng Kierpergréisst, aussergewéinlech staark. E kann ochamphibesch liewen an e puer honnert Meter déif dauchen. En ësst am léifsteFriichten,Seechomessen aFléi, ausserdeemFësch, besonneschPiranhaen. E kann eng einfach Konversatioun féieren: "Houbi? Houba, houba hop!", an och (wéi ePapagei) eenzel Wierder a ganz Sätz noschwätzen.

Den NummMarsupilami ass ofgeleet vuMarsupialia, der zoologescher Grupp vun de Beideldéieren, an dem Suffix–ami, Frënd. De Marsupilami gehéiert awer net zu de Beideldéieren, mä, wéi d'Schnieweldéier an deSeechomessenigel, zu deMonotremata.

Kuriéises

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Marsupilami&oldid=2529164
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp