D'Marmaramier (tr.: Marmara Denizi;gr.: Προποντίς, Προποντίδα) ass e klengt Bannemier bannent de Grenze vun derTierkei. Et verbënnt d'Schwaarzt Mier an d'Egäescht Mier (Mëttelmier) via deBosporus an d'Dardanellen, andeems et deneuropäesche an denasiateschen Deel vun der Tierkei vuneneen trennt. Et huet eng Fläch vu ronn 11.350 km2, op 280 x 80 km. Seng déifst Plaz läit 1.370 m ënnert dem Mieresspigel.
Den Numm "Marmaramier" kënnt vu senger gréisster Insel, der Insel Marmara hier, déi op der südlecher Säit läit, déi hiren Numm wéinst dem villeMarber (Marmor; gr.: μάρμᾰρον -mármaron) deen et do gëtt, krut. An derAntikitéit war et alsPropontis, bekannt, deemno d'Mier "virum Pontesche Mier", engem aneren Numm fir d'Schwaarzt Mier.
Wéint senger Lag, a senger Wichtegekeet als Transportwee, gouf et ëmmer nees Konflikter dorëms, wien do d'Soe sollt hunn.
Geologesch ass et wéinst derPlackentektonik do dacks vunÄerbiewe betraff.
Déi wichtegst Stad um Marmaramier assIstanbul.