Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Mario Mutsch

Vu Wikipedia
Mario Mutsch
Gebuer3. September1984
Sankt Väit
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitFoussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Gréisst173cm
Gewiicht74kg
Veräin/EkippAlemannia Aachen,
FC Metz,
FC Aarau,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Progrès Nidderkuer

DeMario Mutsch, gebuer den3. September1984 zuSankt Väit, ass e fréierelëtzebuergescheFoussballspiller an-trainer.[1].

Karriär

[änneren |Quelltext änneren]

Foussball am Veräin

[änneren |Quelltext änneren]

De Mario Mutschs huet e belsche Papp mat Virfahre aus dem Grand-Duché an eng belsch Mamm. Hien ass zu Sankt Vith am däitschsproochegen Deel vun der Belsch opgewuess.[2] Wärend senger Kandheet huet de Mutsch beim FC St. Vith gespillt ier hien op Olympia Recht gewiesselt ass an do fir d'éischt am Alter vu 16 am Profi Team gespillt huet.[2] Nodeems e bei Via Royal Spa FC a RFC Union Kelmis gespillt huet, ass de Mario Mutsch am Summer 2006 bei déi zweet Ekipp vunAlemannia Aachen gewiesselt, déi déi Zäit an derBundesliga gespillt huet. Well hien do kee Profi-Kontrakt krut, ass hien ee Joer méi spéit an d'Schwäiz geplënnert fir an derSuper League fir denFC Aarau ze spillen. De Mutsch gouf vumJeff Saibene rekommendéiert, deen deemools Co-Trainer vumFC Thun war. De Mario Mutsch koum zwee Joer regelméisseg fir den FC Aarau zum Asaz, an huet dono fir weider zwee Joer fir denFC Metz an der franséischerLigue 2 gespillt. Dono goung hien zeréck an d'Schwäiz, wou en e Kontrakt mamFC Sion ënnerschriwwen hat, an dono mamFC St. Gallen, wou de Jeff Saibene dunn Trainer war. 2015 gouf de Josef Zinnbauer Chef Trainer, an de Mutsch huet seng regulär Plaz verluer. Den 1. Juli 2017 huet hien e Kontrakt fir Trainer mamFC Progrès Nidderkuer ënnerschriwwen.[3]


Karriär an der Nationalekipp

[änneren |Quelltext änneren]

Den8. Oktober 2005 huet de Mario Mutsch bei der 1:5-Néierlag a Russland ënnert dem TrainerGuy Hellers säin éischten offizielle Lännermatch gespillt.

Den 19. November 2008 huet hien am Frëndschaftsmatch géint säi GebuertslandBelsch säin éischte vun insgesamt 4 Goler fir d'Rout Léiwe geschoss.

Vun 2011 bis 2018 war hie Kapitän vun der Nationalekipp, fir déi hien bis 2019 insgesamt 101 offiziell Lännermatcher gespillt huet. Mat sengem 99. Asaz gouf hien den 11. September 2018 zum Rekordnationalspiller vu Lëtzebuerg, andeems hien deJeff Strasser (98 Asätz) iwwerholl huet. De 26. Mäerz 2024 gouf de Mario Mutsch vum Laurent Jans als Rekordnationalspiller ofgeléist.[4]


Statiounen als Spiller[5]

[änneren |Quelltext änneren]

Als Amateur

[änneren |Quelltext änneren]
  • 1998-2002: FC Olympia Recht (Belsch)
  • 2002-2005: RFC Spa (Belsch)
  • 2005-2006: RFC Union La Calamine (D3, Belsch)
  • 2006-2007: Alemannia Aachen (Oberliga, Däitschland)
  • 2017-2019:FC Progrès Nidderkuer

Als Profi

[änneren |Quelltext änneren]
  • 2007-2009: FC Aarau (D1, Schwäiz)
  • 2009-2011:FC Metz (D1, D2 Frankräich)
  • 2011-2012:FC Sion (D1, Schwäiz)
  • 2012-2017:FC St. Gallen (D1, Schwäiz)

Statiounen als Trainer

[änneren |Quelltext änneren]
  • 2019: FC Progrès Nidderkuer (Interim)
  • 2019-2021: Lëtzebuergesch U15-Foussballnationalekipp
  • 2021-2022: Lëtzebuergesch U17-Foussballnationalekipp
  • 2019-elo:Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp (Co-Trainer)

Trivia

[änneren |Quelltext änneren]
  • Ausserhalb vum "grousse" Sport huet de Mutsch als Automecanicien geschafft[6].
  • Tatsächlech huet de Mario Mutsch esouguer 102 Lännermatcher gespillt; well de belschen Nationaltrainer Marc Wilmots am Frëndschaftsmatch géint Lëtzebuerg de26. Mee2014 awer eng Auswiesslung méi gemaach huet wéi erlaabt, gouf dëse Match vun der FIFA net als offizielle Lännermatch gewäert.[7]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Portrait vum Mario Mutsch op der Websäit vun der UEFA
  2. 2,02,1Dan Elvinger und Christophe Junker"'Ciao, Mario!' Rekordnationalspieler beendet am Sonntag gegen Madagaskar seine Karriere".Tageblatt, 31.05.2019.
  3. (de) Loher, Patricia, "Mutsch wäre gerne geblieben.<2. Tagblatt. CH Media Holding AG (27.05.2017). Gekuckt de 07.05.2020.
  4. (de) D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Mario Mutsch op transfermarkt.de. www.transfermarkt.de. Gekuckt den 13.02.2025.
  5. De Portrait vum Mario Mutsch op der Websäit vun National Football Teams
  6. http://www.tageblatt.lu/meinung/kommentar/ein-vorbild-mario-mutsch-beendet-karriere/
  7. (de) Fifa erkennt belgisches Länderspiel nicht an. Süddeutsche.de (04.06.2014). Gekuckt den 13.02.2025.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Mario_Mutsch&oldid=2609441
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp