![]() | DëseGeographiesartikel iwwerLëtzebuerg ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mariendall | |
---|---|
![]() Mariendall (2021) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Marienthal de: Marienthal |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | ![]() ![]() |
Buergermeeschter | Paul Mangen |
Awunner | 93 |
2021[1] | |
Fläch | 267,1748ha[2] |
Héicht | 237m |
Koordinaten | 49° 42’ 34’’ N 06° 03’ 32’’ O |
![]() |
Mariendall (deels ochMärjendall) ass eng Uertschaft an derGemeng Helperknapp.
De Mariendall läit amÄischdall, am Nordoste vunAansebuerg, op enger Héicht vun 236 Meter. E läit an enger grousser Kéier déi d'Äisch mécht, laanscht de Südhank mam NummRëbben dee vunHuelmes erofkënnt, an net wäit ewech vun derReiterlee déi nordëstlech dovun eng bekannt Plaz, vun der Kopp a Bëschmassiv, mat dem NummBuerggruef ass.
Ausser de Gebaier vum Klouschter gëtt et am Mariendall nach just een Haus, e fréiere Restaurant op der Strooss vun Aansebuerg opRecken. E Gruef deen der Äisch eng Partie Waasser ofzaapt leeft duerch d'Klouschter, a fëllt do d'Frelleweieren.
Ëstlech vum Mariendall läit umKollefeld deMärjendaller Haff.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel:Märjendaller Klouschter.
Commons: Mariendall – Biller, Videoen oder Audiodateien |