Si huet sech do eng zweet Kéier bestuet, mä wéi hire Mann, deLord Darnley am Februar 1567 ermuert gouf, gouf si matverdächtegt, dohannert ze stiechen, sou datt s'amLoch Leven Castle gefaange gesat gouf a gezwonge gouf, zu Gonschte vun hirem JongJames I. ofzedanken.
Am Mee 1568 konnt si fortlafen a goung an England an den Exil. Do war si an de Joren duerno am Konflikt mat hirerKusin, der KinniginElisabeth I. Wéi d'Maria Stuart verdächtegt gi war, en Attentat op déi englesch Kinnigin geplangt gehat ze hun, gouf si 1587 wéinst Houverrot higeriicht.
Hiert Liewe gouf an der Literatur, der Musek an am Film dacks noverzielt.