Marcel Hulten | |
---|---|
Gebuer | 7. August1912 |
Gestuerwen | 10. Februar1973 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ornitholog |
![]() |
DeMarcel Hulten, gebuer de7. August1912 zuKeel, a gestuerwen den10. Februar1973 zuDiddeleng, war elëtzebuergeschen Ornitholog.
De Marcel Hulten huet sech schonn als Bouf am Joer 1926 an derLëtzebuerger Vulleschutzliga engagéiert. Am Mee 1927 huet hien am Bulletin vun der Liga eng éischt bescheide Kontributioun an der Rubrik « Ornithologische Beobachtungen » publizéiert; hie war du knapps 15 Joer al. Am Joer 1936 huet hie seng éischt méi grouss Etude, en Artikel iwwer d'Huergänsen, am Bulletin vun der Liga verëffentlecht.
Am Joer 1952 hëlt den Hulten d'Redaktioun vum Bulletin vun der Vulleschutzliga, dee sech vun 1954 un « Regulus » genannt huet, an d'Hand. 1965 gëtt hien déi Charge un deVictor Wassenich, mat deem hien zënter 1951 zesummeschafft, weider.
Den Hulten huet vill Artikelen am Bulletin vun der Vulleschutzliga respektiv am « Regulus » publizéiert, dee leschte kuerz viru sengem Doud an der Dezember-Nummer vun 1972 iwwer eWanterkueb, dee schwätze konnt: « Eine sprechende Saatkrähe (Corvus frugilegus) ». Hien huet awer och am Bulletin vun derSociété des naturalistes luxembourgeois (SNL) publizéiert.
Säin Haaptwierk bleift « Die Vogelfauna Luxemburgs », dat hie mam Vic. Wassenich zesumme verfaasst huet, an dat an den « Archives » vun derSection des sciences vumInstitut grand-ducal an zwéin Deeler 1961 respektiv 1962[1] erauskomm ass. D'Membere vun der SNL kruten dovu jee een Ofzuch gratis[1]. Am Joer 1963 ass dat Ganzt als Sonderdrock vu ronn 300 Säiten, dee bei der Vulleschutzliga fir 70 Frang ze kréie war, erauskomm[2].
Den Hulten war « membre correspondant » vun derSection des sciences vumInstitut grand-ducal vun 1959 un, a Member vun der SNL zënter 1937.