An den Ufanksjoren huet hie sech mamImpressionismus anExpressionismus auserneegesat an éischt Vezrsich amKubismus gemaach (z. B.Nu descendant un escalier no.2, dee vumEadweard Muybridge senger FotoserieWoman walking downstairs inspiréiert ass, an deen zu New York bei derArmory Show 1913 grousse Succès hat).
Wéi e mamConstantin Brâncuși a mamFernand Léger am Hierscht 1912 deSalon de l'aviation amGrand Palais zu Paräis besiche war, huet e fonnt, datt d'Molerei ewell um Enn wier, an den Design vun technesche Saachen (z. B. eProbeller) net duerch Molerei z'iwwertreffe wier. Hien huet doroppshin säin éischtObjet trouvé zurKonscht erhuewen,Roue de bicyclette (effektiv e Rad vun engemVëlo). Et koumen no:Portes-bouteilles (1914, e Gestell, fir eidel Fläschen ofdrëpsen ze loossen) aFontaine (1917, ePissoir, den héije Wee gestallt).
1919 koum en nees op Paräis, wou en d'Membere vum dadaisteschen DichterzerkelAndré Breton, deLouis Aragon, dePaul Éluard, dePhilippe Soupault an deJacques Rigaut kennegeléiert huet. En anert bekannt Bild vun him,L.H.O.O.Q., eng Reproduktioun vun derMona Lisa, där en e Schnurres opgemoolt huet, ass aus där Zäit, sou wéi ochWhy not Sneeze, Rose Sélavy?, 152 marbers Zockerwierfelen an engem Vullekäfeg.
1936 huet den Duchamp 1936 bei der Ausstellung „Phantastic Art, Dada, Surrealism“, die amMuseum of Modern Art zu New York matgemaach. 1938 huet e mam Breton a mam Éluard zu Paräis d'Exposition Internationale du Surréalisme organiséiert, wou en den Haaptsall mat 1200 Kuelesäck, déi um Plaffong houngen, dekoréiert huet. och säi WierkRose Sélavy, e weibleche Fënster-Manequin, dee Kleeder vum Duchamp unhat, gouf do ausgestallt.
1942 ass den Duchamp wéinst demZweete Weltkrich nees op New York geplënnert, wou en ë. a. mam André Breton an aneren d'AusstellungFirst Papers of Surrealism an der Whitelaw Reid Mansion organiséiert huet, an an där en aus Ficellen e risege Spaweck installéiert huet. Dat selwecht Joer huet hien de surrealistesche MagazineVVV matgegrënnt.
1952 gouf den Duchamp an deCollège de ’Pataphysique opgeholl, dat 1948 zu Paräis als Hommage un denAlfred Jarry gegrënnt gi war. 1963 huet de Pasadena Art Museum déi éischt Duchamp-Retrospektiv mat 114 Wierker organiséiert. 1964 huet hien op derdocumenta III zuKassel matgemaach, an dat joer drop hat hien eng Ausstellung an derKestner-Gesellschaft zuHannover. De Musée des Beaux-Arts zu Rouen huet him, a, a,eren, 1967 eng Retrospektiv dediéiert.