Mandy Minella | |
---|---|
![]() | |
Nationalitéit:![]() | |
Gebuertsdag:22. November1985 | |
Gréisst: 180 cm | |
Gewiicht: 65 kg | |
1. Profisaison: 2001 | |
Spillhand: Riets, beidhänneg Réckhand | |
Trainer: Tim Sommer | |
Präisgeld: 2,183,346$ | |
Eenzel | |
Karriärbilanz: 335:284 | |
Titel: 0 WTA, 9 ITF | |
Bescht Plaz: 66(17. September 2012) | |
Aktuell Plaz: 170 | |
Grand-slam-Bilanz | |
Grand-Slam-Titel: 0 | |
AustralianOpen = 2R (2014) | |
FrenchOpen = 1R (2012-2014) | |
Wimbledon = 1R (2012, 2013) | |
USOpen = 3R (2010, 2012) | |
Dubbel | |
Karriärbilanz: 113:131 | |
Titel: 2 WTA, 5 ITF | |
Bescht Plaz: 47(29. Abrëll 2013) | |
Aktuell Plaz: 81 | |
Grand-Slam-Bilanz | |
Grand-Slam-Titel: 0 | |
AustralianOpen = 2R (2013, 2015) | |
FrenchOpen = 2R (2012) | |
Wimbledon = AF (2012) | |
USOpen = 1R (2012, 2013) | |
Mixed-Dubbel | |
Grand-Slam-Titel-Mixed: 0 | |
AustralianOpen = | |
FrenchOpen = 1R (2013) | |
Wimbledon = | |
USOpen = | |
Aktualiséiert: 22. Mee 2022 |
D'Mandy Minella, gebuer den22. November1985 zuEsch-Uelzecht, ass eng LëtzebuergerTennisspillerin a Politikerin (DP).
Si huet am Alter vu fënnef Joer ugefaangen Tennis ze spillen a konnt bis haut 8 Eenzel- a 6 Dubbelturnéier mat verschiddene Partnerinne vumITF Women's Circuit gewannen.
Bei deSpiller vun de klenge Länner konnt si 2003 Sëlwer am Eenzel a Gold am Dubbel gewannen, 2005 Gold am Eenzel an Dubbel, an 2007 d'Goldmedail am Dammendubbel. 2009 konnt si schliisslech hiren Erfolleg vun 2005 mat Gold am Eenzel an am Dubbel widderhuelen.
Den Duerchbroch ass hir 2010 bei denUS Open zuNew York gelongen, wéi si sech fir d'éischt Kéier fir d'Haaptfeld vun engemGrand-Slam-Turnéier qualifizéiere konnt. Si konnt sech géint d'Top-50-SpillerinnePolona Hercog anZwetana Pironkowa duerchsetze bis si an der drëtter Ronn an zwéi Sätz géint d'Venus Williams verluer huet.
D'Mandy Minella gouf 2011 alsLëtzebuerger Sportlerin vum Joer gewielt.
Den 23. Februar 2013 konnt d'Mandy Minella hiert éischtWTA-Turnéier am Dubbel mat derTimea Babos zuBogotá gewannen. Am Abrëll hunn déi zwee zuMarrakesch hiert 2. WTA-Turnéier gewonnen.
De 5. Juni 2016 huet d'Mandy Minella hiren éischte WTA-Turnéier am Eenzel zu Bol (Kroatien) mat 6-2, 6-3 gewonnen.
![]() |
D'Mandy Minella ass Member vun derDP. Bei deChamberwale vum 8. Oktober 2023 huet si amBezierk Süde kandidéiert. Si gouf net direkt gewielt, ass awer den 21. November dat Joer nogeréckelt, wéi deClaude Meisch eng Ministeschfonktioun ugeholl huet.[1]
Commons: Mandy Minella – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virdrun | ![]() ![]() | Duerno |
---|---|---|
Marie Muller | 2011 | Marie Muller |