Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Mandelbam

Vu Wikipedia
DëseBiologiesartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Uebstbam. Fir lymphateschen Organen, kuckt wgl.Mandelen (Anatomie).
Mandelbam
E Mandelbam an der Bléi
An anere Sproochenfr: amandier
de: Mandelbaum
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
RäichPlanzeräich
ËnnerräichTracheobionta
OfdeelungBléieplanzen
KlassMagnoliopsida
ËnnerklassRosopsida
UerdnungRosales
FamillRosaceae
ËnnerfamillRosoideae
GattungPrunus
Wëssenschaftlechen Numm
Prunus dulcis
(Mill.)D.A. Webb, 1967

DeMandelbam (Prunus dulcis) ass enUebstbam aus derGattungPrunus an derFamill vun deRosaceae.[1] D'Aart gouf 1768 vum brittesche BiologPhilip Miller fir d'éischt beschriwwen.[2]

D'Mandelbeem kommen ursprénglech aus Zentral- a Südwestasien an Nordafrika.[3] 2007 hunn d'USA zirka 1.043.000 t Mandele produzéiert (déi 1. Plaz).[4]

Et ass e Lafholzbamm de seng Blieder am Wanter verléiert. D'Blieder sinn donkelgréng, 8 bis 12 cm laang, lanzettefërmeg gespëtzt, mat ganz klengen Zänn um Bord a se si liicht blénkeg. D'Bléie sti schosselfëmerg um blanken Aascht, a bilden eng Coupe vu bis zu 5 cm Duerchmiesser. Se kënnen eenzel sinn oder duebel a si rosa oder wäiss. D'VaritéitRoseplena huet nemmen duebel a rosa Bléien. D'Fruucht ass 4 – 6 cm laang, eefërmeg, mat enger samettgrénger Haut, mat bannendran enger iessbarer Mandel.

D'Mandel enthält villVitaminn E,Proteinnen,Lipiden, Mineraler (Kalzium,Eisen,Zénk,Magnesium,Phosphor aKalium). Den Nierwäert vun 100 g läit bei 579 kcal.[5]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Mandel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Archive copy Archivéiert de(n) 13.07.2015. Gekuckt de(n) 21.06.2017.
  2. Archive copy Archivéiert de(n) 02.01.2020. Gekuckt de(n) 21.06.2017.
  3. http://www.nts-lib.ru/Online/bio/almond.html
  4. https://top5ofanything.com/list/c55f4b2b/Almond-Producing-Countries
  5. https://ndb.nal.usda.gov/ndb/foods/show/3635?fg=&manu=&lfacet=&format=&count=&max=50&offset=&sort=default&order=asc&qlookup=almond&ds=Standard+Reference&qt=&qp=&qa=&qn=&q=&ing=
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Mandelbam&oldid=2572700
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp