Maggy Nagel | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 25. August1957 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit Göttingen |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Fonctioun | Schäffen |
Gielercher | Grand officier de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau |
![]() |
D'Maggy Nagel, gebuer de25. August1957[1] an derStad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (DP).
Si war vum 4. Dezember 2013 bis de 16. Dezember 2015[2] Ministesch fir Kultur a Logement an derRegierung Bettel-Schneider. Virdru war si vun 1996 bis 2013 Buergermeeschtesch vun derGemeng Munneref.
Si war vun 1999 bis 2004 als Deputéiert an derChamber[3] a gouf duer bei deChamberwale vum 20. Oktober 2013 erëmgewielt. Gläich drop huet si op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir Kultur- a Logementsministesch an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn.
Vun 2013 bis 2015 war d'Maggy Nagel Vizepresidentin vun der DP.
Si schafft zanter dem 1. Abrëll 2016 alsPremier conseiller de gouvernement amWirtschaftsministère, wou si ë. a. d'Weltausstellung 2020 zuDubai preparéieren hëllefe soll.[4]