Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Maastricht

Vu Wikipedia
Maastricht
LandHolland
ProvënzLimburg
Awunner120.227 (1. Januar 2021)
Fläch60,06km²
Koordinaten50°52'N, 5°41'O
Telefonszon043
Postcode6200–6229
Websäithttps://www.gemeentemaastricht.nl/

Maastricht ass d'Haaptstad vun der ProvënzLimburg, am Süde vunHolland. Maastricht huet ronn 123.000 Awunner (2023) an ass déi eelst Stad vun Holland. Si ass op der Plaz entstane, wou eKiem en Iwwergank iwwer d'Meuse hat. Vun deRéimer gouf déi PlazMosae Trajectum genannt. D'Bréck vu Maastricht war e wichtege Punkt um Wee vuGallien aGermanien. Déi al Réimerbréck war am 13. Joerhonnert baufälleg ginn, an dofir gouf e puer honnert Meter dovu géint1280 eng nei Bréck gebaut, déi haut nach do steet, d'Sint Servaasbréck. Maastricht huet eng Universitéit, déi1976 gegrënnt gouf an déi déi jëngste vun Holland ass.

Bekannt gouf Maastricht an de leschte Joren duerch deMaastrichter Vertrag vum7. Februar1992.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]

Maastricht läit un derMeuse an umJeker

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]
De Maart zu Maastricht

Ekonomie an Infrastruktur

[änneren |Quelltext änneren]

D'Maastrichter Gare gëtt vun Zich vun der hollännescherNS, derArriva an der belscherNMBS/SNCB ugefuer. Zich fueren opAmsterdam,Kerkrade aLéck.

Duerch Maastricht leeft d'AutobunnA 2 déi vun der belscher Grenz beiVisé bis op Amsterdam féiert. Den Deel duerch Maastricht war ëmmer d'Ursaach vu Verkéiersstëpp well se do net kräizungsfräi war. 2006 goufen do Aarbechten am Kader vun engem neien Infrastrukturplang ugefaangen. Et goufen en ettlech Foussgänger- a Vëlosbrécken ersat oder neigebaut, an am Laf vum Fréijoer 2012 hunn d'Aarbechte vun derTunneléierung vun der A2 ugefaangen an den Tunnel ass zanter 2016 a Betrib .

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Maastricht – Biller, Videoen oder Audiodateien


Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Maastricht&oldid=2496672
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp