Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Luna 1

Vu Wikipedia
NummLuna 1
MissiounszilÄerdmound
LandSowjetunioun
AgenturUdSSR
DrorakéitWostok-Typ 8K72
Startmass361,3 kg
Start2. Januar1959
StartrampWeltraumgare Baikonur

D'Luna 1, (russesch:Metschta firDram), war déi éischt Moundsond an déi éischtRaumsond iwwerhaapt. Erméiglecht hat dat déi deemoleg Stäerkt vun der sowjetescher Rakéitentechnik. Duerch déi grouss Rakéitestäerkt konnt si d'Schwéierfeld vun der Äerd verloossen an onofhängeg vum Magnéitfeld weider fléien. De geplangten Opschlag umMound hat si net erreecht; gouf awer ongewollt de4. Januar1959 déi éischtLaanschtfluchsond.

D'SeriebezeechnungLuna entstoung kuerz nom Start vun der Luna 1 awer nëmmen an de westleche Medien. Den ufänglechen NummMetschta gouf verdrängt. An den offizielle sowjetesche Medie gouf Luna 1Kosmesch Rakéit genannt.

Opbau

[änneren |Quelltext änneren]

Déi kugelfërmeg Sond hat eng Mass vun 361,3 kg an en Duerchmiesser vun 1,45 m. Den hermetesch zouen Instrumentbehälter bestoung aus engerAluminium-Magnesiumalliage a war matStéckstoff gefëllt. De Gas huet gehollef, déi néideg Betribstemperatur fir déi elektronesch Instrumenter bäizebehalen. Op der baussenzeger Behälterfläch waren d'Sensore fir d'Moossinstrumenter, e Stafausleeër mat engemMagnetometer a véier Stafantennen ubruecht. D'Moossinstrumenter ware virgesinn fir d'Ënnersich vun der Stralung a vu Magnetfelder am Ëmfeld vun Äerd a Mound, souwéi fir d'Bestëmmung vun der Dicht vum interplanetare Gas. Ënner de bannenzegen Instrumenter war och eGeigerzieler an enSzintillatiounszieler. Weider hat Lunik 1 massiv Metallkugele bei sech, déi den Opschlag um Mound iwwerstanen hätten a sowjetesch Ofzeeche wéiHummer a Séchel fräigemaach hätten. Eng Kamera fir Biller vun der Uewerfläch vum Mound ze maache war net dobäi. D'Stroumversuergung gouf mat Batterie gemaach. Eng Kurskorrektur war net méiglech.

Fluchverlaf

[änneren |Quelltext änneren]

No de Feelstarte vun dräi Virgänger am Joer1958 an nëmme 15 Méint nom Start vuSputnik 1 hat d'Luna 1 den2. Januar1959 um 16:41:21UTC vun der WeltraumgareBaikonur mat Zil Äerdmound opgehuewen. HirDrorakéit vum fréieWostok-Typ 8K72 – Luna genannt – war eng fir de Moundfluch ëm eng drëtt Stuf vergréissertR-7, déi scho bei den dräi Virversich zum Asaz koum.

Den 3. Januar um 0:56 UTC, nach wäit virum Erreeche vum Mound, gouf op enger Äerddistanz vu ronn 113.000 km vun der leschterRakéitestuf eng Natriumdampwollek ausgestouss. Déi gebraucht Dosis vun 1 kgNatrium hat eng Wollek erginn, déi wéinst demSonnewand orange geliicht huet an als "kënschtlecheKoméit" als visuell Markéierung vun der Bunnpositioun, vun Observatiounsstatioune fotograféiert konnt ginn. Wéi du festgestallt gouf, datt d'Sond de Mound verfeele géif an den Äerd-Mound-System verloosse géif, gouf d'Sond a Metschta ëmgenannt, an Uleenung un den Dram vun der Mënschheet, an de Weltraum virzestoussen.

Wéinst ze héijer Vitess hat d'Luna 1 d'Uewerfläch vum Äerdtrabant de 4. Januar um 2:59 UTC no 34 Stonnen ëm knapps 6000 km verpaßt. D'Sond ass mat enger Vitess vun 2,5 km/s laanscht geflunn. Wéinst dësem ongeplanteSwing-by koum si an engËmlafbunn ëm d'Sonn tëscht de Bunne vunÄerd aMars. D'Exzentrizitéit ass 0,14767, dePerihel läit bei 0,9766AE an denAphel bei 1,315 AE. D'Bunnschréi huet 0,01° a sengËmlafzäit dauert 450 Deeg.

Déi lescht Funksignaler vun der Sond konnten de5. Januar1959 géint 7:00 UTC nach aus enger Distanz vu ronn 600.000 km empfaange ginn.

Resultater

[änneren |Quelltext änneren]

Obwuel d'Endzil net erreecht gouf, konnt d'Luna 1 awer wéi geplangt vill Informatiounen op d'Äerd schécken, déi vun de Moossinstrumenter opgezeechent goufen. Si hat Moosswäerter vun derVan-Allen-Stralungsceinture geliwwert an hat d'Existenz vumSonnewand bestätegt an hat festgestallt, datt den Äerdmound kee Magnéitfeld huet.

Déi änlech konzipéiertLuna 2 hat d'Uewerfläch vum Mound nach am selwechte Joer erreecht.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Luna_1&oldid=2496040
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp