Louis vu Frankräich, Marie-Thérèse, Philippe-Charles, Anne-Élisabeth, Marie-Anne, Louis François, Françoise-Marie vu Bourbon, Louise Françoise, Louis-Auguste, Louis vu Bourbon, Louis César, Louise Marie Anne, Marie Anne, Louise, Charles Louis, Louis-Alexandre
Mat enger Regentschaft vun 72 Joer war hien deen Herrscher aus derNeizäit deen am längsten um Troun souz. De Louis XIV. gëllt als klassesche Vertrieder vumAbsolutismus. Hien huet d'Muecht vun der Kroun duerch en Ausbau vun der Administratioun, d'Bekämpfung vun der Oppositioun am Land an d'Fërderung vun der franséischer Wirtschaft gefestegt. D'Kultur vum Haff gouf ganz un d'Persoun vum Herrscher ugepasst. Säi pompéisen Optrëtt gouf zum Symbol fir seng Plaz. De Sonnekinnek huet sech och fir d'Konscht a fir d'Wëssenschaft intresséiert, an d'franséisch Kultur ass opgebléit. D'Aussepolitik vum Louis XIV. war aggressiv, a Frankräich konnt ënner dem Sonnekinnek sengHegemonie iwwer Europa ausbauen.
D'Gebuert vum Louis XIV. zu Saint-Germain-en-Laye war fir vill Leit e glécklecht Evenement, well 23 Joer laang war d'Bestietnes vu sengen ElterenLouis XIII. anAnna vun Éisträich ouni Nokomme bliwwen. Duerch seng Gebuert gouf deJean-Baptiste Gaston vun Orléans vun der Trounfolleg ausgeschloss. Aus Dankbarkeet krut de Kinnek dee frësch op d'Welt komm war de BäinummDieudonné. Säi Brudder, dePhilippe vun Orléans koum1640 op d'Welt.
Am Alter vu 4 Joer koum de Louis de14. Mee1643 nom Doud vu sengem Papp op den Troun. Bis zu sengerGroussjäregkeet (am deemolege Frankräich mat 13 Joer)1651 huet seng Mamm d'Regence iwwerholl. D'tatsächlech Muecht hat awer de Minister a KardinolMazarin. De Mazarin huet de Louis op seng Roll als absolutisteschen Herrscher virbereet; de jonke Kinnek gouf lues a lues un der Muecht bedeelegt an huet sech schliisslech d'Verantwortung mam Mazarin gedeelt. Duerch d'aussepolitesch Succèse vumRichelieu a Mazarin politesch gestäerkt, huet de Louis d'absolutistescht Kinnegtum matbarockem Afloss a Frankräich weider ausgebaut, an dat mat engem Liewen um Haff wat ganz op d'Persoun vum Herrscher zougeschnidde war. NomFridde vu Westfalen um Enn vumDrëssegjärege Krich1648 an demTraité vun de Pyrenäe matSpuenien1659 war Frankräich déi politesch a militäresch Virmuecht an Europa.
Ënnerstëtzt vu Ministere wéi demColbert,Louvois,Hugues de Lionne,Vauban aPomponne huet hien de staatleche Muechtapparat konzentréiert, an d'militäresch, institutionell a materiell Grondlage vun der Muecht vun der franséischerMonarchie erweidert. D'Verfollgung vun denHugenotten, säi Sträit mamPoopst an deSpueneschen Ierffollegkrich hu sech negativ op seng Herrschaft ausgewierkt. De Spueneschen Ierffollegkrich huet duerch d'Häert vun de Kämpf1713 bal zu engem Staatsbankrott gefouert, deen nëmmen duerch eng Finanzreform a massiivt Spuere konnt verhënnert ginn.
De Louis huet säi Jong a säin eelsten Enkel iwwerlieft, an ass den1. September1715 um véierel op aacht moies gestuerwen. Säin Urenkel koum mat nëmme 5 Joer ënner dem TitelLouis XV. op den Troun.
Begruewe gouf de Louis XIV. an derKrypta vun de Bourbonen an derBasilika Saint-Denis.
1793 gouf säi Kierper mat dem vun den anere Kinneke "profanéiert" an an e Gruef gehäit. D'abalsaméiert Häerz gouf an d'Jesuittekierch vun der Rue St. Antoine zuParäis bruecht, an nieft d'Häerz vu sengem Papp gestallt. Wärend derRestauratioun sinn all d'Häerzer vum Kinnekshaus op Saint Denis an d'Krypta bruecht ginn.
D'Arméi vum Louis XIV. huet d'Stad Lëtzebuerg den3. Juni1684 eruewert. DeVauban huet dobäi eng wichteg Roll gespillt. Bis dohinner war Lëtzebuerg ënnertSpuenescher Herrschaft.
┌──>Antoine de Bourbon (1518–1562)│ Herzog vu Bourbon, Vendôme a Beaumont│┌──>Henri IV. (1553–1610)│ Kinnek vun Navarra a Frankräich│ ││ └──>Jeanne d'Albret (1529–1572),Jeanne III.│ Kinnigin vun Navarra│┌──>Louis XIII. (1601–1643),le Juste│ Kinnek vu Frankräich an Navarra│ ││ │ ┌──>Francesco I. (1541–1587),│ │ │ Groussherzog vun der Toskana│ │ ││ └──>Maria vu Medici (1575–1642)│ Regentin vu Frankräich│ ││ └──> Jeanne (1546–1578)│ Äerzherzogin Éisträich, Prinzessin vun Ungarn a Béimen│Louis XIV. (1638–1715),le Roi SoleilKinnek vu Frankräich an Navarra││ ┌──>Felipe II. (1527–1598),│ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich│ ││ ┌──>Felipe III. (1578–1621)│ │ Kinnek vu Spuenien a Portugal, Äerzherzog vun Éisträich│ │ ││ │ └──> Anna (1549–1580),│ │ Äerzherzogin vun Éisträich│ │└──>Anne (1601–1666), Regentin vu Frankräich,Infantin vu Spuenien a Portugal, Äerzherzogin vun Éisträich││ ┌──>Karl II. (1540–1590)│ │ Äerzherzog vun Éisträich, Herzog vun der Steiermark, Prënz vun Ungarn a Béimen│ │└──>Margarete (1584–1611),Äerzherzogin vun Éisträich│└──> Maria vu Bayern (1551–1608)