D'Lou ass d'Schuel vu jonkenEechebeem (fr:taillis de chêne; de:Eichenniederwald). E Bësch vu jonken Eechebeem gëtt als "Louheck" bezeechent. Fréier ass d'Lou alsGierfstoff bei der Fabrikatioun vuLieder benotzt ginn.
ZuLëtzebuerg, besonnesch amÉislek, huet e groussen Deel vun deLafbëscher aus Louhecke bestanen: meeschtens louche s'an den Häng. Ëm 1900 hunn d'Louhecken nach hei eng Fläch vun 25.725 ha bedeckt.
D'Lou assgeschlass ginn. Dorënner huet ee verstan, datt d'Schuel vun de Beem mat engem besonneschen Handwierksgeschier, demLouschlëssel, am Doloun lassgeléist ginn ass. Dës Operatioun ass alsschläisse bezeechent ginn. Et war eng haart Aarbecht. De Proprietär krut d'Lou an d'Doléiner d'Holz.
D'Lou ass net nëmmen an de LëtzebuergerGierwereie benotzt ginn (66 Gierwereien ass et am Joer1811 ginn), mä se gouf och exportéiert, opEisebunnswagonen, haaptsächlech vunEttelbréck aus.
D'Lou huet vum Ufank vum20. Joerhonnert un d'Konkurrenz vun der Schuel vun deQuebrachobeem (Schinopsis lorentzii) ausSüdamerika ze spiere kritt. An duerno sinn ëmmer méicheemeschSalzer bei der Liederfabrikatioun benotzt ginn. 1947 goufen nach 7.810 Tonne Lou produzéiert, 1969 waren et der nach just 484. 1991 war mat 65 Tonnen en éischten Déifstand, bis 2003 ass d'Produktioun dann erëm bis ongeféier 200 Tonnen eropgaangen.[1]
Joer | kg | Zuel vun de Louschläisser |
---|---|---|
2016 | 21.900 | 18 |
2017 | 16.520 | 16 |
2018 | 19.680 | 17 |
2019 | 18.360 | 17 |
2020 | 22.920 | 23 |
2021 | 14.780 | 16 |
2022 | 19.000 | 20 |
2023 | 13.000 | 16 |
2024 | 11.150 | 17 |
D'Lou gëtt all un auslänneschGierwereie verkaaft.[2]
Dem Fernand Theato no hätt d'Expressioun "fir Lou" säin Urspronk an de fréiere Gierwereien. Wann d'Lou geliwwert gouf, war et de Gebrauch, datt de Meeschter deenen déi d'Lou bruecht hunn, eng oder méi Tournéeën zum Beschte ginn huet. D'Expressioun "fir Lou" huet am Volleksmond ganz einfach de Sënn kritt "fir näischt". Deen hautdesdaags geleefegen Ausdrock "fir lau" ass ofgeleet a spigelt net méi de Sënn vu fréier erëm.[3]
Commons: Lou – Biller, Videoen oder Audiodateien |