Refraktioun (ënneschte Liichtstral) a Reflexioun (ieweschte Liichtstral) vun engem Liichtstral am Plexiglas-Hallefkreeskierper.Refraktioun.Refraktioun bei Waasserdrëpsen, déi wéi eng Sammellëns wirken (Motiv:Golden Gate Bridge)
D'Refraktioun bezeechent d'Ännerung vun der Ausbreedungsrichtung vun engerWell wéinst enger raimlech bedingter Ännerung vun hirerAusbreedungsvitess, déi speziell firLiichtwellen mamRefraktiounssindexn vun engemMedium beschriwwe gëtt. Allgemeng trëtt eng Refraktioun bei jiddwer Aart vu Well op, déi sech a méi wéi engerDimensioun ausbreet, wéi z. B. beiSchallwellen, opteschen aseismesche Wellen.
D'Refraktion ass, anescht wéi d'Diffrakioun, Géigestand vun derStralenoptik, déi fir Strukture gëllt, déi grouss am Verglach zu derWellelängt sinn. Op de Grenzflächen entsteet duerch d'Refraktioun e Knéck am Stral, deen duerch d'Refraktiounsgesetz beschriwwe gëtt. Bei kontinuéierlecher Ännerung vun der Ausbreedungsvitess ginn d'Strale gekrëmmt, kucktastronomesch Refraktioun. A béide Fäll gëllt deFermat-Prinzip, nodeem d'Stralen de Wee vun der minimaalsterLafzäit resp. Längt huelen.
D'Ofhängegkeet vun der Refraktioun vun der Wellelängt (bei Liicht also vun der Faarf) heeschtDispersioun.
Anisotroopt Material assduebelrefraktär, dat heescht, d'Deeler vun enger Well ginn an Ofhängegkeet vun hirerPolarisatioun ënnerschiddlech (staark) refraktéiert.
Et gëtt vill Forme vu Wellerefraktioun an der Natur. D'Bildserie weist wéi d'Form vun engem Staf duerch Liichtrefraktioun verännert erschéngt, nodeem an d'Waasser gedaucht gëtt. Dofir verlaangt et e bëssi Übung, firFësch, vun der Uewerfläch aus, am Waasser z'ergräifen.
E Staf, deen an engem eidele Glas steet.
Nom Opfëlle mat Waasser erschéngt den ënneschten Deel vum Staf eppes méi no uewe geknéckt.
Verglach vun den zwee Biller (Iwwerlagerung).
Schemazeechnung fir d'Erklärung vum Effet vun der 'optescher Unhiewung'
D'Refraktioun vun elektromagnéitesche Wellen a speziell déi vum Liicht huet grouss Bedeitung an dertechnescher Optik. Si bestëmmt d'Funktioun vuPrismen aLënsen.
Un Iwwergäng tëscht Material vun ënnerschiddlecherSchallvitess giseismesch Welle a charakteristesch refraktéiert.Geophysiker benotzen dofir d'Refraktioun vu Wellen déi vun Ärdbiewen ausgeléist goufen, fir denOpbau vum Äerdkär z'ënnersichen.