Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Liicht

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem siichtbare Beräich vun der elektromagnéitescher Stralung:Liicht. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.Liicht (Homonymie).
Dat visuellt Liicht ass en Deel vum elektromagnéitesche Spektrum. (Vu lénks no riets:Gammastralung,Röntgenstralung,UV, visuellt Liicht,IR,Radiowellen)
De Spektrum vun der elektromagnéitescher Stralung

D'Liicht ass dee fir Mënsche siichtbare Beräich vun derelektromagnéitescher Stralung. Dësen erstreckt sech vu ronn 380 bis 780 nmWellelängt, wat engerFrequenz vu ronn 789 bis 385 THz entsprécht. Eng genee Grenz léisst sech awer net definéieren, well d'Empfindlechkeet vum mënschlechen A net op ee Schlag, mä no an no ofhëlt. Déi un d'visuellt Liicht ugrenzend Beräicher vun der Infrarout- (Wellelängt tëscht 780 nm an 1 mm) an d'Ultraviolettstralung (Wellelängt tëscht 10 nm an 380 nm) ginn dacks och als Liicht bezeechent.

An derPhysik steet de Begrëff „Liicht“ och fir de ganzenelektromagnéitesche Wellespektrum. Liichtverhältnesser a Phenomeener vun derPhysiologie ginn ënnerHellegkeet zesummegefaasst.

Gréissten an Eenheeten

[änneren |Quelltext änneren]

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Liicht – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Liicht&oldid=2470403
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp