Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Leipzig

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwerDäitschland ass eréischt engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Leipzig
LandDäitschland
BundeslandSachsen
RegierungsbezierkLeipzig
GemengSachsen
BuergermeeschterBurkhard Jung
Awunner619.879 (31. Dezember 2023)
Fläch297,60km²
Héicht113 m
Koordinaten51°20'26,2756"N, 12°22'29,0384"O
Telefonszon0341
Postcode04003
Websäithttps://www.leipzig.de/
Jumelage matAddis Abeba,Bamako, Birmingham,Bologna,Brno,Frankfurt am Main,Hannover,Ho Chi Minh City,Houston,Kyjiw,Klaipėda,Krakau,Lyon, Nanjing,Plovdiv,São Paulo, Thessaloniki, Travnik

Leipzig ass eng Stad anDäitschland a mat iwwer enger hallwer Millioun Awunner déi bevëlkerungsräichst an op d'Fläch bezunn déi zweetgréisst Stad vuSachsen.

Am Joer1165 krut Leipzig vumMarkgrof Otto dem Räiche vu Meißen d'Stadrecht an de Privileeg e Maart ze halen. D'Awunnerzuel vu Leipzig huet ëm1870 d'Grenz vun 100.000 iwwerschratt, wouduerch si offiziell de Status vun engerGroussstad krut. D'Stad gehéiert zu de sechs Uewerzentre vu Sachsen. Zurzäit huet Leipzig de Status vun engerkreesfräier Stad an ass de Sëtz vumRegierungsbezierk Leipzig.

D'Traditioun vu Leipzig als bedeitend Foiresplaz a Mëtteleuropa geet op d'Joer1190 zeréck. NieftFrankfurt um Main ass d'Stad en historescht Zentrum vumBuchdrock an -handel. Ausserdeem stinn zu Leipzig eng vun en eelsten däitschen Universitéite souwéi weider Héichschoulen a Fachhéichschoulen.

Leipzig ass de Kär vumBallungsraum Leipzig-Halle an domat en Deel vun derMetropolregioun Sachsendräieck. D'Stad ass e bedeitende Verkéiersknuet a bilt ee vun de wirtschaftsstäerkste Raim vun denneie Bundeslänner.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Leipzig – Biller, Videoen oder Audiodateien
Staddeeler vuLeipzig
Landkreesser a kreesfräi Stied aSachsen
Bestanddeeler vun derMetropolregioun Sachsendräieck
Ballungsraim
Uewerzentren
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Leipzig&oldid=2470379
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp