Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Laténgiséierung

Vu Wikipedia

D'Laténgiséierung ass d'Praxis fir net-laténgeschen Nimm oder Wierder elaténgesche Stil ze ginn, entweeder am But vun enger méi einfacher internationaler Kommunikatioun oder fir e besseren Androck ze maachen.

Et kann een dofir en Numm de laténgesche Lauter upassen (z. B.Geber fir dat arabeschtJabir), den Numm an d'Latäin iwwersetzen (z. B.Mercator firKréimer), oder e fonkelnotzneien Numm eraussichen op Basis vun Eegenschafte vun der Persoun oder dem Objet (z. B.Noviomagus fir denDaniel Santbech, méiglecherweis vum laténgeschen Numm vun der StadNijmegen).

D'Laténgiséierung geet also méi wäit wéi d'Romaniséierung, bei där e Wuert aus enger anerer Schrëft (z. B. aKyrilliza) just an datLaténgescht Alphabet ëmgeschriwwen, mä net verännert gëtt.

Beispiller wou dëst geschouch gëtt et eng Rëtsch:

  • D'Réimer selwer hu friemsproochlech, dacks griichesch Wierder un d'Latäin ugeglach (z. B. χρυσόλιθος "chrysólithos - Goldtopas" gouf an derAntiquitéit laténgiséiert zuchrysolithus[1][2]).
  • Spéider, virun allem zanter demMëttelalter, gouf fir eng Verstännegung iwwer Landes- a Sproochgrenzen ewech en ettlech Begrëffer an d'Latäi gesat (z. B. déi biologeschNomenklatur vun den Aarten, oder medezinesch Fachbegrëffer an Europa).
  • AmHumanismus war et Moud fir den eegeneFamilljennumm ze veränneren, fir sech sproochlech vum Mëttelalter ofzegrenzen an den Uschloss un d'Spéitantiquitéit ze suggeréieren (z. B. duerch d'Unhänke vun engem laténgescheSuffix, wéiBerg zuBergius, oder duerch d'Iwwersetzung vum Begrëff, wéiFëscher zuPiscator/Pescator, oder nach méi bekanntGeorg Bauer zuGeorgius Agricola aMichel de Nostredame zuNostradamus).

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Wilhelm Gemoll:Griechisch-Deutsches Schul- und Handwörterbuch. München/Wien 1965.
  2. Erich Pertsch:Langenscheidts Großes Schulwörterbuch Lateinisch-Deutsch. Langenscheidt, Berlin 1978
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Laténgiséierung&oldid=2654692
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp