No hirer Aktivitéit als Songwriterin fir d'Pussycat Dolls huet si hiren DebutalbumThe Fame am August 2008 verëffentlecht, deen op déi éischt Plaz ënner anerem a Kanada, Éisträich, Däitschland an Irland koum. Hir éischt zwou SingelenJust Dance aPoker Face goufe weltwäit Nummer-Eent-Hitten. Den Album krut spéiderhi sechsGrammy-Nominéierungen a gouf als beschten Electronic-/Dance-Album an als bescht Dance-Opnam ausgezeechent.
Ufanks 2009 ass si amVirprogramm vun denNew Kids on the Block an de Pussycat Dolls opgetrueden an huet hir éischt SolotournéeThe Fame Ball Tour ugefaangen. Am November 2009 huet si hiren zweeten AlbumThe Fame Monster verëffentlecht an och hir zweet Tournée,The Monster Ball Tour ugefaangen.
De "Monster Ball Tour" war a ville Länner direkt no der Ukënnegung ausverkaaft. Am Ufank war se nëmme fir ee Joer geplangt, awer wéinst dem onerwaarte grousse Succès gouf decidéiert d'Tournée bis 2012 duerchzezéien.