Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Laangwell

Vu Wikipedia

AlsLaangwell (LW) bezeechent een engelektromagnéitesch Well matWellelängten tëscht 1000 an 10.000 Meter, déiFrequenzen tëscht 30 kHz an 300 kHz entspriechen (am Verglach:Mëttelwell 100 m bis 1 km;Kuerzwell 10 bis 100 m;Ultrakuerzwell 1 bis 10 m). Funkwellen ënner 30 kHz ginn alsLängstwellen (VLF – Very Low Frequency) duergestallt.

D'Ausbreedung erfollegt alsBuedemwell, wärend déi schwaach profiléiertRaumwell daagsiwwer bal ganz vun der D-Schicht vun derIonosphär absorbéiert gëtt an dofir net op d'Äerduewerfläch zeréckkënnt. Nëmme bei der Ausbreedung iwwer d'Nuetssäit vun der Äerd ass Wäitempfang méiglech. Beim Zesummentreffe vu Raum- a Buedemwell sinn dann och Interferenzbiller (Fading) z'observéieren.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Laangwell&oldid=2448039
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp