Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Vu Wikipedia
DëseSportsartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lëtzebuerg
Logo
Spëtznumm:D'Rout Léiwen
(Les Lions Rouges,
Die Roten Löwen)
Federatioun:FLF
Trainer:Jeff Strasser
Meescht Matcher:Laurent Jans (113)
Meescht Goler:Gerson Rodrigues (23)
Stadion:Stadion vu Lëtzebuerg
(Stad Lëtzebuerg)
Historesch Matcher
Éischte Match:Lëtzebuerg – Frankräich: 1–4
29. Oktober1911,Stad Lëtzebuerg
Héchst Victoire:Lëtzebuerg – Afghanistan: 6–0
26. Juli1948,London
Héchst Nidderlag:Däitscht Räich – Lëtzebuerg: 0–9
4. August1936,Berlin
Lëtzebuerg – England: 0–9
19. Oktober1960, Stad Lëtzebuerg
England – Lëtzebuerg: 9–0
15. Dezember1982, London
Portugal – Lëtzebuerg: 9–0
11. September2023, Loulé[1]
Olympesch Summerspiller
Participatioun:6 × (fir d'éischt 1920)
Bescht Resultat:Véierelsfinall 1948
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform

D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, A-Kader (offiziell:Équipe nationale du Luxembourg de football / Équipe nationale A) ass eng Selektioun vun de beschte Lëtzebuerger Foussballspiller, déi vun derFédération luxembourgeoise de football (FLF) ausgewielt ginn. Si representéiert d'FLF op internationalem Niveau, zum Beispill bei Frëndschaftsmatcher géint Ekippe vun aneren nationale Verbänn, awer och bei de Qualifikatioune fir d'Europameeschterschaft (UEFA) an d'Weltmeeschterschaft (FIFA).

Foussball ass eng vun de beléiftste Sportaarten zu Lëtzebuerg. An derFIFA-Weltranglëscht läit d'Lëtzebuerger Nationalekipp op Plaz 91 vun 210(Stand: Abrëll 2025).

D'Lëtzebuerger Foussballnationalekipp hat ni grousse Succès, an huet sech nach keng Kéier fir UEFA- oder FIFA-Meeschterschafte qualifizéiert. Lëtzebuerg huet souguer den Antirekord als d'Land mat der gréisster Zuel vu feelgeschloene Qualifikatioune fir d'Weltmeeschterschaft a fir eng regional Meeschterschaft. En Déifpunkt an der Geschicht waren d'Joren 1980 bis 1995 wou d'Selektioun 35 Néierlagen hannereneen huet missen astiechen. Am Oktober 1995 dogéint huet d'Lëtzebuerger Selektioun sech an derFIFA-Weltranglëscht fir d'éischt ënner déi 100 éischt Nationalekippe vun der Welt klasséiert, an dat fir zwéi Méint op der 98. Plaz.

Vun2010 bis2025 war deLuc Holtz Haapttrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp. Ënner senger Leedung hat d'Ekipp weesentlech am meeschte Succès. D'Nationalekipp hat deemno géint d'Slowakei, Griicheland, Schweden, Ungarn, Irland, asw gewonnen, an hat mat en ettlechen zolidden Ekippen, ënner anerem mat Italien, Frankräich oder mam Senegal gläichgespillt.[2][3]

Zanter 2025 ass de Jeff Strasser Trainer vun der Nationalekipp.

Den éischte Match

[änneren |Quelltext änneren]

Den29. Oktober1911 stoung fir d'éischt Kéier eng lëtzebuergesch Selektioun an engem offizielle Lännermatch um Terrain. De Frëndschaftsmatch géintFrankräich goung mat 1:4 ander Stad verluer. Déi éischt lëtzebuergesch Nationalekipp huet haaptsächlech aus Foussballspiller vun de Stater VeräinerSpora Lëtzebuerg, vun derUnion Lëtzebuerg a vumRacing Lëtzebuerg bestanen:Alphonse Weicker,Jemmy Becker,Zénon Bernard,François Langers,Joseph Faber,Albert Elter,Emile Kuborn,Joseph Michaux,Henri Schwartz,Michel Ungeheuer aVictor Kauth. Den8. Februar1914 huet Lëtzebuerg sech revanchéiert, de Match ass 5-4 ausgaangen.

Olympesch Spiller

[änneren |Quelltext änneren]

Oplëschtung vun alle Lëtzebuerger Participatioune beiolympesche Spiller:

Kader

[änneren |Quelltext änneren]

De Kader 2025

[änneren |Quelltext änneren]

23 vu 24 Nationalekippespiller spillen an auslännesche Clibb, an hirer 23 sinn a Profi-A-Kaderen (Stand: November 2025).

(Stand: 17. November 2025)[4]
Nr.NummVeräinGebuertsdatumAsätzGoler
Gol
1Anthony MorisKhaleej Club29. Abrëll 1990790
23Lucas Fox1. FC Bocholt3. Oktober 200000
12Tiago Pereira CardosoBorussia Mönchengladbach7. Abrëll 200660
Ofwier
22Marvin MartinsFC Winterthur17. Februar 1995413
13Dirk CarlsonSKN St. Pölten1. Abrëll 1998690
2Seid KoracFC Venedig20. Oktober 2001192
18Laurent Jans (Kapitän)SK Beveren5. August 19921201
20Eldin Dzogovic1. FC Magdeburg8. Juni 2003130
14Eric VeigaKS Flamurtari Vlora18. Februar 1997100
Florian BohnertSC Bastia9. November 1997591
17Vahid SelimovicFC Hermannstadt3. Abrëll 1997141
Mëttelfeld
6João Tomás de Sousa Moreira CruzBenfica Lissabon U-2326. Juni 2005120
8Christopher Martins PereiraSpartak Moskau19. Februar 1997791
7Aiman DardariFC Augsburg21. Mäerz 2005101
15Olivier ThillFK IMT Belgrad28. Juni 1997483
16Leandro Barreiro MartinsBenfica Lissabon3. Januar 2000712
19Mathias OlesenSpVgg Greuther Fürth21. Mäerz 2001361
21Sébastien ThillStal Rzeszów29. Dezember 1993432
4Mirza MustafićBali United20. Juni 199810
Stuerm
5Alessio CurciNeftçi Baku18. Abrëll 2002191
9Kenan AvdusinovicFC Progrès Nidderkuer3. Mäerz 199810
10Danel SinaniFC St. Pauli5. Abrëll 19957814
11Edvin MuratovicOdra Opole15. Dezember 1997211
3Adulai Djabi EmbalóVirtus Entella30. Juni 200510

(D'Spiller ouni Nummeren si verletzt, gespaart oder goufen an der lescht net nominéiert.)

De beschten FLF-Spiller

[änneren |Quelltext änneren]

2004 huet d'Fédération luxembourgeoise de football de beschte Spiller vun de leschte 50 Joer ausgewielt. De"Gëlle Spiller" ([Luxembourg's] Golden Player) gëtt de MëttelfeldspillerLouis Pilot (1940–2016)[5], dee vun 1959 bis 1971 am Kader vun der Foussballnationalekipp war, a siwe Goler geschoss huet. De Pilot war och bekannt als Member vu verschiddene belsche Clibb, ënner anerem vumLécker Standart; seng Participatioun bei dësem Club war ganz erfollegräich.

Management

[änneren |Quelltext änneren]

Traineren

[änneren |Quelltext änneren]

Aktuellt Personal

[änneren |Quelltext änneren]

(Stand: August 2025[6])

  • Trainer:Jeff Strasser
  • Assistenztraineren:Dan Huet,Claude Campos
  • Trainer vun de Golkippen: Rui Duarte Forte
  • Physikaleschen Trainer: Claude Origer
  • Medeziner:Dr. Lara Heinz
  • Physiotherapeuten: Alexander Kähler, Erwan Deshoux, Gilles Hoffmann
  • Osteopath: Federico Morritti
  • Techneschen Direkter:Manuel Cardoni
  • Ekipementsmanager: Carlo De Borger

Matcher

[änneren |Quelltext änneren]

An hirer Geschicht huet Lëtzebuerg 442 FIFA-Matcher gespillt, hirer 52 ware Victoirematcher, 56 ware Gläichspiller an 335 waren Néierlagen (Stand: Oktober 2023)[7].

D'Resultater no Joerzéngten:

JoerzéngtV.G.N.V.+G./N.
1910er1020,5
1920er0140,25
1930er10110,09
1940er4160,83
1950er11120,17
1960er34230,3
1970er23340,15
1980er23550,09
1990er35430,19
2000er313710,23
2010er (2010–19)1618520,65

Victoiren

[änneren |Quelltext änneren]

Wéi uewe mentionéiert gëtt, huet d'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 36 Matcher gewonnen, hirer 16 bei offizielle Spiller an een an den Olympesche Spiller (Stand: Juni 2019). 16 Victoiren (~ 44%) waren ënner dem Trainer Luc Holtz[7].

JoerDagPlazLandEkippenResultatMatch
201922. MäerzLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergLitauen2:1EMQ
201815. OktoberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergSan Marino3:0NL
201811. SeptemberSerravalleSan MarinoSan MarinoLëtzebuerg0:3NL
201808. SeptemberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergMoldawien4:0NL
201805. JuniLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergGeorgien1:0FrS
201822. FebruarTa' QaliMaltaMaltaLëtzebuerg0:1FrS
201709. NovemberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergUngarn2:1FrS
201731. AugustLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergWäissrussland1:0WMQ
201704. JuniLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergAlbanien2:1FrS
201513. NovemberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergGriicheland1:0FrS
20155. SeptemberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergNordmazedonien1:0EMQ
201310. SeptemberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergNordirland3:2WMQ
201314. AugustLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergLitauen2:1FrS
201229. FebruarLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergNordmazedonien2:1FrS
20116. SeptemberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergAlbanien2:1EMQ
20119. FebruarLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergSlowakei2:1FrS
200810. SeptemberZürichCHECHESchwäizCHECHESchwäizLëtzebuerg1:2WMQ
200713. OktoberHomelWäissrusslandWäissrusslandLëtzebuerg0:1EMQ
200707. FebruarLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergGambia2:1FrS
199506. SeptemberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergMalta1:0EMQ
199507. JuniLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergTschechesch Republik1:0EMQ
199522. FebruarTa' QaliMaltaMaltaLëtzebuerg0:1EMQ
198009. MeeMedanIndonesienLëtzebuergSüdkorea3:2MHC
198001. MeeMedanIndonesienLëtzebuergThailand1:0MHC
197304. NovemberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergNorwegen2:1FrS
197222. OktoberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergTierkei2:0WMQ
196910. AbrëllLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergMexiko2:1FrS
196330. OktoberRotterdamHollandHollandLëtzebuerg1:2EMQ
196108. OktoberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergPortugal4:2WMQ
195104. NovemberLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergFinnland3:0FrS
194826. JuliBrightonEnglandLëtzebuergAfghanistan6:0Oly
194628. JuliLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergNorwegen3:2FrS
194513. MeeLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergBelsch4:1FrS
194031. MäerzRotterdamHollandHollandLëtzebuerg4:5FrS
193926. MäerzLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergDäitschland2:1FrS
19148. FebruarLëtzebuergLëtzebuergLëtzebuergFrankräich5:4FrS

Notten:
WMQ: Weltmeeschterschaftsqualifikatioun
EMQ: Europameeschterschaftsqualifikatioun
NL: UEFA Nations League
MHC:Marah Halim Cup
Oly: Olympia
FrS: Frëndschaftsspill

Spiller no der Zuel vu Matcher (Top-10)

[änneren |Quelltext änneren]

(Stand : 4. Abrëll 2025)

#SpillerMatcherPeriod
1.Laurent Jans1132012–0000
1.Mario Mutsch1032005–2019
3.Daniel Da Mota Alves1012007–2021
4.Lars Gerson992008–0000
5.Jeff Strasser981993–2010
6.René Peters932000–2013
7.Jonathan Joubert902006–2017
8.Eric Hoffmann892002–2014
9.Carlo Weis851978–1998
10.Aurélien Joachim812005–2019

Notten:
fettgedréckt: nach en Nationalekippespiller

Spiller no der Zuel vu Goler (Top-10)

[änneren |Quelltext änneren]

(Stand : 4. Abrëll 2025)

#SpillerGolerPeriod
1.Gerson Rodrigues232017–0000
2.Léon Mart161933–1945
3.Gusty Kemp151938–1945
Aurélien Joachim152005–2019
Nicolas Kettel151946–1959
4.Danel Sinani142017–0000
5.Camille Libar131938–1947
6.Menn Müller121949–1954
7.Léon Letsch111947–1963
8.Gilbert Dussier91971–1978
9.Nico Braun81970–1980
Johny Léonard81962–1970
Roby Langers81980–1998
Camille Dimmer81957–1967
10.Jeff Strasser71993–2010
Louis Pilot71959–1977
Daniel Da Mota Alves72007–2021

Notten:
fettgedréckt: nach en Nationalekippespiller

Historesch Matcher

[änneren |Quelltext änneren]

Den 8. Oktober 1961 huet Letzebuerg bei der WM-Qualifikatioun fir eng Sensatioun gesuergt a 4:2 géint Portugal gewonnen[8], déi mam NationaheldEusébio gespillt hunn. Fir Letzebuerg hu matgespillt, den Nationalekipp-KapitänRené Schneider, dePaul Steffen,Jules Zambon,Fernand Brosius,François Konter,Nicky Hoffmann,Erny Brenner,Henri Cirelli,Jeannot Hoffmann,Ady Schmit,Jean Vandivinit[9].

Galerie

[änneren |Quelltext änneren]
  • D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp de 15. Juni 2015
    D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp de 15. Juni 2015
  • D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp de 26. Mäerz 1969
    D'lëtzebuergesch Foussballnationalekipp de 26. Mäerz 1969
  • D'Ekipp de 25. Oktober 1947
    D'Ekipp de 25. Oktober 1947
  • D'Ekipp 1934
    D'Ekipp 1934
  • D'Ekipp 1924...
    D'Ekipp 1924...
  • ...1920...
    ...1920...
  • ... an den 20. Abrëll 1913
    ... an den 20. Abrëll 1913

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Den 10. Abrëll 1932 huet Lëtzebuerg an engem Frëndschaftsspill allerdéngs 12-0 géint Italie verluer.
  2. (fr) En 10 ans, le foot luxembourgeois aura bientôt plus gagné qu’en… un siècle | Le Quotidien. Gekuckt den 13.08.2025.
  3. (lb) Elo ass et offiziell: De Luc Holtz gouf als neien Trainer vu Waldhof Mannheim virgestallt. www.rtl.lu. Gekuckt den 13.08.2025.
  4. (en) Rout Léiwen - Fédération Luxembourgeoise de Football. www.flf.lukader-89060v4. Gekuckt den 23.11.2025.
  5. https://web.archive.org/web/20080519044519/http://www.uefa.com/uefa/news/Kind%3D256/newsId%3D130150.html
  6. https://www.flf.lu/kader-staff-80254v4/groups/142533/seasons/216
  7. 7,07,1http://www.rsssf.com/tablesl/lux-intres.html
  8. (de) Fundstücke aus dem Archiv: Luxemburg - Portugal. Luxemburger Wort (27.06.2024). Gekuckt de 27.06.2024.
  9. „Schmitchen Schütze“: Petz Lahure über den 4:2-Sieg gegen Portugal vor 60 Jahren
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Lëtzebuergesch_Foussballnationalekipp&oldid=2646299
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp