Lëtzebuerger Schrëftstellerverband | |
---|---|
![]() |
DeLëtzebuerger Schrëftstellerverband (kuerz:LSV) war e lëtzebuergesche Veräin, deen tëscht 1986 an 2016 existéiert huet.[1] E war eng AartGewerkschaft firSchrëftsteller zu Lëtzebuerg, déi déi berufflech, sozial, rechtlech a kulturell Interesse vu senger Membere verdeedegt huet.[2][3]
De Lëtzebuerger Schrëftstellerverband ass 1986 gegrënnt ginn. Deemools wollte Schrëftsteller wéi deRoger Manderscheid, deRolf Ketter, d'Rosemarie Kieffer, deLambert Schlechter, deJosy Braun, deMisch Treinen, deGeorges Hausemer an anerer sech zesummendoe fir mat enger gemeinsamer Stëmm ze schwätzen.[2][4] Vun 1987 u war den LSV Member vumEuropean Writers' Congress.[3]
2013 huet deJhemp Hoscheit no méi wéi 20 Joer säi Posten als Sekretär vum LSV ofginn. Schonn deemools hat de Verband mat Nowuessmangel ze kämpfen.[5]
Wéi 2014 d'gläichgeschlechtlechBestietnes zu Lëtzebuerg agefouert ginn ass, hat déi deemoleg Sekretärin vum Verband, d'Marie-Jeanne Reichling, Texter verëffentlecht, déi vun den anere Comitésmemberen als diskriminéierend opgefaasst goufen. Am Juni 2014 ass et wärend enger ausseruerdentlecher Generalversammlung vum LSV zum Eklat komm, wéi d'Sekretärin sech geweigert huet zeréckzetrieden an doropshin all déi aner véier Comitésmemberen (André Link,Wolfgang Geiselhart,Maryse Krier aMireille Weiten-de Waha) zeréckgetruede sinn.[6][7] Zu där Zäit hat den LSV nach méi wéi 80 Memberen, och wann op där Generalversammlung der schonn nëmme manner wéi 10 present waren.[7] Am November 2014 konnt op enger anerer ausseruerdentlecher Generalversammlung, bei där nëmme 6 Persoune op der Plaz waren, keen neie Comité gewielt ginn an de Verband och net opgeléist ginn, well net genuch Memberen do waren.
Spéider konnt de Verband awer opgeléist ginn an de 7. Dezember 2016 gouf derFondation Servais e Scheck mam Reschtverméige vum LSV iwwerreecht.[8]