DeKurt Josef Waldheim, gebuer den21. Dezember1918 zuSankt Andrä-Wördern,Nidderéisträich, a gestuerwen de14. Juni2007 zuWien, war enéisträicheschenDiplomat aPolitiker (ÖVP). Hie war vun1972 bis1981UN-Generalsekretär a vun1986 bis1992éisträichesche Bundespresident.
Seng Amtszäit un der Spëtzt vu sengem Land stoung am Schiet vu Revelatioune vun der Zäitschrëftprofil, e puer Wochen ier e gewielt gouf, datt de Waldheim a senger Autobiographie iwwer säi Behuele an der Zäit vum Nationalsozialismus a vumZweete Weltkrich gelunn hat; e gouf awer gewielt. Eng international Historikerkommissioun ass1988 zu der Conclusioun komm datt de Waldheim, deeWehrmachts-Offizéier war, zwar "perséinlech sech näischt zu Schold komme gelooss huet" an him "keng Bedeelegung u Krichsverbriechen" nozeweise wieren, mä en awer net hätt kënnen näischt wëssen iwwer d'Deportatioun vu 40.000 Judden ausThessaloniki oder d'Massaker, déi d'Wehrmacht a Westbosnien ugeriicht hat.
Och gouf him virgeworf, hien hätt wëlle seng militäresch Vergaangenheet an de Vergiess gerode loossen, oder, wann dat net méiglech wier, se systematesch verharmloost ze hunn.
- International Commission of Historians:The Waldheim report. Submitted February 8, 1988, to Federal Chancellor Dr. Franz Vranitzky. Museum Tusculanum Press (University of Copenhagen); Kopenhagen 1993,ISBN 87-7289-206-4
- James Daniel Ryan:The United Nations Under Kurt Waldheim, 1972-1981. Scarecrow Press, Lanham u.a. 2001,ISBN 0-8108-3701-3.
|
|---|
| Éischt Republik | |
|---|
| Zweet Republik | |
|---|