Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Kurt Alder

Vu Wikipedia
Kurt Alder
Gebuer10. Juli1902
Chorzów
Gestuerwen20. Juni1958
Köln
NationalitéitDäitschland
EducatiounUniversitéit Kiel,
Humboldt-Universitéit Berlin
AktivitéitCheemiker, Universitéitsprofesser
Member vunDäitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Bayeresch Wëssenschaftsakademie
GielercherNobelpräis fir Chimie

DeKurt Alder, gebuer den10. Juli1902 zuKönigshütte anUewerschlesien (haut a Polen), a gestuerwen den20. Juni1958, war endäitsche Cheemiker.

Hien ass zuKiel op d'Universitéit gaangen, wou en ënner demOtto Diels geschafft huet, a mat deem en zesummen1950 denNobelpräis fir Chimie krut,fir hir Entdeckungen an d'Entwécklung vun der Dien-Synthees“, die ochDiels-Alder-Reaktioun genannt gëtt. Vun 1940 bis zu sengem Doud war e Professer op der Universitéit vuKöln.

Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

De Kurt Alder ass ze Königshütte grouss ginn, bis 1922Ostuewerschlesien Polen zougesprach gouf. Hien ass du mat sengen Elteren iwwer Berlin op Kiel gezunn, wou hie Chimie studéiert huet. 1936 krut hien dunn eng Plaz als Departementschef beiI.G. Farben zuLeverkusen. Vun 1940 un war e Professer fir Chimie op der Uni zuKöln.

Wëssenschaftlech Aarbecht

[änneren |Quelltext änneren]

Seng wichtegst Leeschtung war d'Entdeckungen an d'Entwécklung vun der Dien-Synthees. Ee Beispill: Reaktioun zwëscht demEthen an dembut-1,3-diene.

Diels Alder Mechanismus

Déi Reaktioune kënnen och stereocheemesch selektiv sinn.

Bei den I.G. Farben huet hien un der Weiderentwécklung vum syntheetescheGummiBuna geschafft.

Wierker

[änneren |Quelltext änneren]

Diels, O.; Alder, K. (1928). "Synthesen in der hydroaromatischen Reihe". Justus Liebigs Annalen der Chemie 460 (1): 98–122. DOI:10.1002/jlac.19284600106.

Ihde, Aaron J. (1970). "Kurt Alder". Dictionary of Scientific Biography. 1. New York: Charles Scribner's Sons. pp. 105–106.ISBN 0-684-10114-9.

Éierungen

[änneren |Quelltext änneren]

Am Joer 1939 ass hien an d'Leopoldina gewielt ginn.

Den Alder krut 1950 zesumme mam Otto Diels den Nobelpräis für Chemie an hir Reaktioun krut och hiren Numm (Diels-Alder-Reaktioun).

1955 gouf hien an d'Bayeresch Akademie vun de Wëssenschaften gewielt.

1979 gouf e Krater um Mound no him benannt, denAlder-Krater.

De gréisste Sall am cheemeschen Institut vun der Uni Köln ass no him benannt.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]

http://www.nobelprize.org/nobel_prizes/chemistry/laureates/1950/alder-bio.html

Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Kurt_Alder&oldid=2534478
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp