 | DëseChimiesartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kuelenhydrater oderGlucidë sinnorganeschMoleküllen, déi bal ausschliisslech ausKuelestoff (C),Waasserstoff (H) aSauerstoff (O) bestinn. Eng Rëtsch Kuelenhydrater hunn e séisse Goût, dofir gi s'och nachZockere genannt.
Cheemesch gesinn handelt et sech ëm Polyhydroxyaldehyden (Aldosen, HOCH2-(CHOH)n-CHO) a Polyhydroxyketonen (Ketosen, HOCH2-(CHOH)n'-CO-CH2OH) souwéi ëmOligomer aPolymerer vun dësen. Sou kënnt et datt ee Monosacchariden, Oligosacchariden a Polysacchariden ënnerscheet.
- mat 5 C-Atomer
- mat 6 C-Atomer
- Homopolymeren
- Heteropolymeren
Kuelenhydrater sinn nieft deLipiden an deProteinnen déi wichtegst Nierstoffer vum Mënsch. Si ginn aus dem Kuelestoff, Waasser- a Sauerstoff duerchPhotosynthes, an de Planze mat Hëllef vuSonnenenergie aChlorophyll gebilt.
Zu de Kuelenhydrater zielen all d'Zocker- a Steifaarte geneesou wéi bal all d'Balaststoffer. Déi deeglech Energiezoufuhr soll tëscht 50 a 60 % aus Kuelenhydrate bestoen, läit awer an den Industrielänner nëmme bei 40 - 45 %. De gréissten Deel vun dëser Energiezoufuhr soll aus ballaststoffräicher Narung mat Steif bestoen. Dat sinn z. B. Geméis, Uebst a Käreprodukter, well si ausserdeem och nach vill Vitaminnen a Mineralstoffer hunn.
Liewensmëttel déi haaptsächlech aus Haushaltszocker oder wäisse Mielprodukter bestinn, solle wa méiglech gemidde ginn. Si hu praktesch kengVitaminnen,Ballaststoffer oderMineralstoffer.
Fir de Kierper si s'an éischter Linn Energieliwweranten. Si kommen awer och an de Schanken an am Bindegewief vir, an dat a Form vu Schläimstoffer am mënschlechen Organismus.
D'Opsplécke vun der Steif fänkt schonn am Mond un. D'Haaptverdauung ass awer eréischt am Daarm.
D'Opnam vu Kuelenhydrater erhéicht kuerzfristeg deBluttzockerspigel, woubäi awer en Ënnerscheed besteet, deemno wat fir en Zocker et sinn. D'Glukos an d'Galaktos ginn zum Beispill ganz séier vum Dënndaarm opgeholl, sou, datt de Bluttzockerspigel ganz séier an d'Luucht geet, bei der Fruktos ass awer genee de Géigendeel de Fall.
De Bluttzockerspigel geet op säin Ausgangsniveau zeréck soubal d'Kierperzellen d'Glukos opgeholl hunn.