DëseGeographiesartikel iwwerFrankräich ass eréischt engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Korsika ass eng Insel amMëttelmier déi zanter dem18. Joerhonnert zu Frankräich gehéiert. Et ass och eng administrativ Regioun vu Frankräich mat engem Extrastatut.
Korsika läit ronn 200 km südwestlech vun derfranséischerCôte d'Azur, westlech vun der italieenescherToskana an nërdlech vun deritalieenescher InselSardinien, vun därKorsika duerch d'Strooss vu Bonifacio getrennt ass. Korsika huet eng Fläch vun 8 680 km² an huet 250.000 Awunner (2004). Et ass dënn besidelt, ronn 30 Awunner/km². Korsika huet eng accidentéiert Uewerfläch mat vill Hiwwelen a Bierger. Eng Partie Bierger si méi wéi 2000 m héich:
Eng grouss Partie vun der Insel ass mat Bëscher bewuess. Well de Klima am Summer waarm an dréchen ass, si Bëschbränn net seelen. Vill Energie a Mëttel gi gebraucht fir se ze bekämpfen.
Korsika huet haut ee privilegéierte Statut, deen a Frankräich eegenaarteg ass. Fréier war et eng Regioun vu Frankräich. Nom vum Gesetz vum13. Mee1991 ass Korsika engTerritorial Collectivitéit d'Collectivitéit territoriale de Corse: CTC. Den neie Statut gëtt Korsika méi Onofhängegkeet a Pouvoire, wéi enger Regioun. Dräi Organer sinn an deem Contexte geschaf ginn:
en Executiv-Conseil,
eng Korsesch Assemblée an
e Wirtschafts- an Sozialrot
Korsika besteet elo, administrativ gesinn, aus zwee Departementer:
Satellittebild vun der Insel KorsikaDe Golf vu Girolata
D'Korsesch Sprooch ass d'Sprooch vun de Korsen. Wa fréier jiddwereen op Korsika korsesch geschwat huet, da sinn et nach haut ronn 60% vun der Populatioun, déi d'Korsesch Sprooch beherrschen. Si ass eng Mëschung vuFranséisch,Latäin anItalieenesch. Déi ganz Korsesch Kultur, Gesank, Musek, Spréchwierder ass op dës äusserst originell Sprooch opgebaut. Op si stäipe sech déi staark Autonomiebestriewungen, déi vun der Urbevëlkerung ausginn, an déi vu vill korseschen Associatiounen ënnerstëtzt ginn.Zwar spillt d'Franséischt d'Roll vun der Schrëftsprooch op Korsika. Mä et ass net ze verkennen, datt grouss Efforte gemaach ginn, fir d'Korsescht méi staark ze strukturéieren a fir aus hir méi wéi nëmmen eng rengMondaart ze maachen.