Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Koordinéiert Weltzäit

Vu Wikipedia

DéiKoordinéiert Weltzäit, kuerzUTC, ass d'Referenzzäit, déi fir déi ganz Welt déi selwecht ass a vun där all d'Zäiten an deene verschiddenenZäitzone vun der Welt ofgeleet ginn.

Déi international OfkierzungUTC stellt eng Zort Kompromëss tëscht dem englesche BegrëffCoordinated Universal Time an dem franséische BegrëffTemps Universel Coordonné duer.

Fréier war d'Greenwich Mean Time (GMT) d'Referenzzäit. Si ass1926 aUniversal Time (UT) ëmbenannt ginn. Si gouf bestëmmt duerchastronomesch Beobachtungen umObservatoire vu Greenwich, mat deenen d'Äerdrotatiounszäit bestëmmt gouf.

Well d'Gezäiten d'Rotatioun vun der Äerd ëm hireegen Achs all Dag ganz liicht ëm 0,002 Sekonne méi lues gi loossen, an d'Rotatioun och nach weidere klengen onprevisiblen Onreegelméissegkeeten duerch Magmastréim tëschtÄerdmantel an Äerdkär ausgesat ass, huet déi Method leider keng prezis Zäitdefinitioun op engem Niveau ënner deem vun derSekonn erlaabt. Et gouf no méi exakte Methode gesicht, an1967 ass d'Definitioun vun der Sekonn als Zäiteenheet du vun engerAtomauer ofgeleet ginn.

1972 ass och d'Referenzzäit mat där Atomzäit synchroniséiert ginn, an d'UTC ass op där neier Basis entstanen.

Well d'Atomzäit, an doduerch d'UTC, also net genee der ÄerdrotatiounszäitUT1 entsprécht, op déi et awer u sech eleng ukënnt an déi dofir och an deGeowëssenschaften an an derAstrometrie gebraucht gëtt, muss all 1-3 Joer bei der UTC engSchaltsekonn derbäigesat ginn, fir datt d'Differenz tëscht UTC an UT1 ni méi grouss wéi 0,9 Sekonne gëtt. Sou gouf z. B. d'Silvesternuecht 2008/9 ëm eng Sekonn méi laang.

D'Koordinatioun vun der Weltzäit ass d'Aufgab vumInternationale Büro fir Moossen a Gewiichter (BIPM).

Wann hautdesdaags nach vu GMT rieds geet, da just an engem reng informelle Kontext a synonym fir UTC oder UT1. D'wëssenschaftlech Gemeinschaft verfollegt d'Definitioun vun der GMT net méi a gebraucht just nach déi prezis an onzweedeiteg Termen UTC an UT1.

Lëtzebuerg läit an der Wanterzäit op UTC+1 an an derSummerzäit op UTC+2, d. h. datt dem Land seng Zäitzon, eng, respektiv zwou Stonne, virun der Referenzzäit läit. Sou ass et z. B. mat enger UTC vu 14:00 zu Lëtzebuerg am Summer scho 16:00.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Koordinéiert_Weltzäit&oldid=2458328
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp