ËnnerKonsum (Latäinconsumere „verbrauchen“) versteht een am allgemenge Sënn de Verbrauch oder d'Consommatioun vu Gidder. Ët ass e gréissert Konzept aus derEkonomie a gëtt a ville Beräicher vun deSozialwëssenschafte studéiert.
Eng Konsumgesellschaft entwéckelt sech fir d'éischt anEngland am15. Joerhonnert. Ënner anerem nom Entstoe vun neien Drocktechnologien a wéinst dem Handel matKotteng, ass de Konsum do staark eropgaangen. Eng Konsumgesellschaft gëtt doduerch ausgemaach, datt d'Mënschen do net nëmme méi dat consomméieren a kafen, wat se fir z'iwwerliewe brauchen, mee och déi "schéi" Saache vum Liewen.
Am18. Joerhonnert huet sech d'Bevëlkerung dat, wat se net selwer hierstelle konnten, umMaart kaf. Et gouf keng fest Präisser, et gouf gehandelt. Luxusgidder, wéiGewierzer a wäertvollStëfter goufe bis dohin nëmme vumAdel als Prestigeobjet kaf. Mat der Zäit huet d'Biergertum sech emanzipéiert an u Kafkraaft gewonnen. De Fokus ass deemno vum Bedarf op de Wonsch eriwwer gaangen. Et gouf consomméiert, fir eppes duerzestellen. AGroussbritannien ass d'Industrie am18. Joerhonnert gewuess, a méi Aarbechtsplaze goufe kreéiert. Wéinst der domat verbonnener Hausse vum Akommes vumBiergertum, ass d'Nofro u Massensverbrauchsgidder, wéi zum BeispillTéi,Béier,Seef geklommen. Moudejournalle sinn deemools fir d'éischt opgedaucht a sinn zum erfollegräichsteKommunikatiounsmedium fir d'Konsumgesellschaft ginn. Déi Journallen hunn och d'Bedierfnes nom Konsum gefërdert. NieftGroussbritannien goufen ochFrankräich,Däitschland anHolland vun dëser Revolutioun beaflosst.[1]
Eng Innovatioun an der Mëtt vum19. Joerhonnert war d'Plakatsail. Se huet vill Plaz firReklamme gebueden a war e wichtegt Mëttel fir d'Héije vum Akommes. Duerch d'Entwécklung vu Reklammen anZeitungen,Zäitschrëften an der Entwécklung vun derVitrinn gouf de Konsum andauernd erhéicht. Duerch d'Industrialiséierung anEuropa anNordamerika si komplex Produktiouns-, Transport- an Informatiounsnetzwierker entstanen. Um Enn vum 19. Joerhonnert goufen déi éischt Konsumhaiser gebaut, déi duerch fest Präisser ausgemaach goufen. Duerch déi gréisser Offer sinn d'Konsumentewënsch an d'Konsumloscht gewuess.[1]
D'Wirtschaftswonner an den domat verbonnene Massekonsum huet mam Opbau nomZweete Weltkrich ugefaangen. Aus den uewe genannte Luxusgidder ass Massewuer ginn. Och koumen an den 1950er Joren international Gidder op de Maart an d'Globaliséierung vum Konsum huet ugefaangen. An den 1960er Joren ass de Maart firelektresch Apparater explodéiert, an den 1970 dee fir Miwwelen ausPlastik, kostbar Réistoffer an Energiedréier. An den 1980er huet sech dunn eng Aart Luxussucht entwéckelt. Räichtum a Schéinheet sinn ëmmer méi wichteg ginn.[1] Duerch deWorld Wide Web ass eng nei an innovativ Dimensioun vum Konsum entstanen. Duerch den Internet war et nämlech méiglech direkt beim Produzent an anere Länner ze bestellen. Konsum ass also zu enger AartFräizäitbeschäftegung vu ville Mënsche ginn.
Eng weider, aktuell Tendenz ass d'Politiséierung vum Konsum. Verschidden Entreprisë versichen hir Produiten ëm eng politesch Dimensioun ze ergänzen a se opzewäerten (Greenwashing). Dacks sinn et d'Medien, déi op d'politesch Follge vun engem bestëmmte Konsumverhalen opmierksam maachen.
Vill Studie betounen d'Wierkung vum globale Konsum op deKlimawandel. D'Worldwatch Institute huet am Berichtzur Lag vun der Welt 2010 (State of the World Report 2010) drop opmierksam gemaach, datt de weltwäite Konsum "Klimakiller Nummer Eent" wier. Wann déi ganz Bevëlkerung vun der Äerd beispillsweis sou liewe géif wéi enUS-Amerikaner, kéint de Planéit nëmme ronn 1,4 Milliarde Mënschen ernieren.[2]
Vun engemekonomeschen Standpunkt aus ass de Konsum e wirtschaftleche Motor. Duerch en héije Konsum kënne Firme vill Produkter hierstellen an doduerch méi Aarbechter ustellen. Déi Aarbechter verdéngen doduerch méi a kënne selwer och a Produkter investéieren, wat de Konsum weider fërdert. De Konsum kann doduerch eng Uräicherung fir d'Wirtschaft vun engem ganze Land sinn a kann domat zu enger Verbesserung vun de Liewensbedingunge féieren.
An derEkologie bedeit de Konsum d'Opnam oder d'Verwendung vun natierleche Ressourcë vun engem Organismus. De Konsum bedeit meeschtens ëmmer d'Opkomme vun Offäll. Wa vill Organismen op der selwechter Plaz consomméieren, da sammele sech d'Offäll an dem jeeweilegenEkosystem. Déi Offäll kënnen dann heiansdo d'Ressourcë fir een oder méi aner Organisme sinn. Am Fall wou dëse biogeocheemeschen Zyklus gestéiert gëtt, dauchen ekologesch Problemer op, déi den Abroch oder den Desequiliber vum Ekosystem als Folleg hunn.
D'Soziologie betruecht de Konsum als e grondleeënden Akt vum Liewen an derGesellschaft, besonnesch am Kontext vun der Konsumgesellschaft. Se studéiert de Konsum aus engem méiglecherweis net finanzielle Bléckwénkel, ënner anerem studéiert se d'Motivatioun vum Konsum, d'Aflëss, d'Benotze vu Wueren a Servicer an hir symbolesch Roll.
Déi meescht groussReliounen hunn eng relativ kritesch Positioun zum Konsum. Si si géint deMaterialismus dee vum Massekonsum gefërdert gëtt. An hiren Ae gëtt de Mënsch nämlech doduerch vun aneren, méi wichtege Wäerter ofgelenkt.
Een Argument géint de Konsum ass, datt säi Fortschrëtt an denIndustrielänner zur Kreatioun vun enger "Konsumgesellschaft" geféiert hätt.
Aus dëser Perspektiv steet ënner dem Begrëff Konsum eng kritesch Visioun vun der modernerkapitalistescher Gesellschaft. Kuerzfristeg géif dëse Begrëff den "Image" an de Besëtz zu neie Wäerter erhiewen, op Käschte vum Mënsch selwer, vu soziale Bezéiungen a vun der Ekologie.
Fir Auteure wéi deJean Baudrillard[3] ass d'Konsumgesellschaft eng sozial a wirtschaftlech Uerdnung, déi op der systematescher Stimulatioun vum Wonsch berout, an ëmmer méi grousse Quantitéite Gidder oder Servicer ze kafen.
Dofir géifen d'Wuere sou hiergestallt ginn, datt se ganz spezifesch dozou tendéiere géifen, manner laang ze halen (geplangt Obsoleszenz). De Verkaf vun der Wuer géif dann ugereizt ginn duerch Efforten an derPromotioun, an dem Beräich vun deReklammen oder duerch d'iwwerméissegLoyalitéit vum Client.
Souzesoen hätt d'Offer d'Demande an d'Moral dominéiert.
Eng Achs vun der Verdeedegung gräift op d'Iddi zeréck, datt de Konsum een Deel vun der natierlecher an inevitabelerEvolutioun wier, déi souwuel aus dem technesche Fortschrëtt, wéi och aus den zouhuelenden Wuelstand resultéiert.
Ausmikroekonomescher Sicht, behaapt d'Verdeedegung vum Konsum, datt säin Zouhuelen d'Fruucht vum natierleche Wonsch no materiellem Wuelbefanne vu jidderengem ass.
D'Verdeedegung vum Konsum berout och op der Iddi, datt dës individuell Decisioun, déi am Prinzip egoistesch no dem an derKonsumsoziologie benotzten Begrëff ass, zu enger allgemenger Beräicherung vun der Gesellschaft féiert.
Konsum schaaft an erhält Jobs, Erhéijung vum Liewensstandard, Innovatioun a mënschlechKreativitéit etc. Aus dëser Perspektiv si Phenomeener, déi vun der klassescher Moral verurteelt ginn, wéi Verschwendung, Iwwerflëssegkeet, Vergänglechkeet, Ausbeutung a Redundanz, tatsächlech Motore vun der wirtschaftlecher Entwécklung an Innovatioun.
Aus moralescher Sicht, wier d'Sich nom Iwwerflëssegen esouguer eng vun den Eegenschaften, déi de Mënsch vum Déier, begrenzt a sengen Erwaardungen, Bedierfnesser a Wënsch, ënnerscheede géif.
Beweegunge fir d'Rationaliséierung vun de Konsumpraktiken
Et ginn och Beweegungen, déi versichen, d'Konsumpraktiken ze änneren: fairen Handel, kollaborative Konsum, Gruppenakeef vu Geméis beim Bauer etc.
Am gréisseren Ëmfang falen och Moossnamen fir d'Fërdere vu Bioprodukter, vum Tri vun Offäll a vum manner ëmweltschiedleche Verkéier an déi Kategorie. An demm Fall schwätzt ee vu responsabelem Konsum, bei deem d'Auswierkungen op den Ekosystem manner bedeitend sinn.
ZuLëtzebuerg ginn am Duerchschnëtt 58.752 € pro Haushalt a Joer fir Konsum ausginn, wouvu 35 % fir Stroum, Gas an aner Brennstoffer ausgi gëtt. Fir denTransport gëtt och em déi 14 % ausginn. Ausserdeem sinn d'Ausgabe firIessen,Hotel anRestaurant, souwéiKultur relativ héich. Awunner vu Lëtzebuerg mussen och wéineg Geld an Ausbildung a Gesondheet investéieren (zesummen nëmmen 3% vun de Gesamtausgaben). Et stellt een och fest, datt méi räich Stéit a méi grousse Prozentsaz vun hirem Geld a Restauranten, Kultur an den Entretie vun hiremHaus investéieren. Woubäi méi aarm Stéit méi fir Stroum, Iessen anKommunikatioun ausgi mussen, an dofir manner konsuméiere kënnen. Ënnert deprivaten Ausgabe gi vill Sue fir Reesen (1300 € am Joer), fir deGaart an Hausdéieren (950 € pro Joer) a fir informatesch Geräter (500 €) ausginn.[4]
Am europäesche Verglach ass Lëtzebuerg dat 3. deierst Land, wat Akafe goe betrëfft. Am Duerchschnëtt sinn d'Präisser ëm 31 % méi deier wéi am Rescht vun derEU. Besonnesch Iessen, mee och Kleeder si méi deier. Dofir sinn alkoholescht Gedrénks,Tubak anSchong méi bëlleg. NëmmenÉisträich anDänemark hunn an der EU méi héich Präisser wéi Lëtzebuerg.[5]