ZuBerlin gebuer, studéiert de Konrad Zuse op derTechnischen Hochschule Berlin-Charlottenburg fir d'éischtMaschinnebau, dannArchitektur a schliisslechBauingenieurswiesen. Nieft senger Aarbecht alsStatiker bei denHenschel-Flugzeugwerken huet hien1938 den elektresch ugedriwwene mechanesche ComputerZ1 mat begrenzter Programméierméiglechkeete gebaut, dee Befeeler vu Lachsträifen ofgelies huet. Allerdéngs huet déi Maschinn wéinst der Onzouverlässegkeete vun hire Baudeeler net richteg funktionéiert. Zwee Joer drop realiséiert hien denZ2, eng verbessert Versioun mat Hëllef vunTelefonsrelaisen a grënnt seng eege Firma "Zuse Apparatebau".
Mat derZ3 baut den Zuse1941 deen éischte wierklech funktiounsfäegen a fräi programméierbare Computer. Déi Maschinn mat sengem Späicher an Zentralrecheneenheet aus Telefonsrelaisen huet umbinären Zuelesystem baséiert a gëllt haut als den éischte Computer vun der Welt. D'Z3 stoung un de Grenze vun den theoreeteschen Ufuerderunge vun derTuringmaschinn gerecht ze ginn. Dëst konnt1998 bewise ginn.
Seng Firma an d'Z3 goufen amZweete Weltkrich,1945 vun enger Bomm getraff a vollkommen zerstéiert. Déi zum Deel schonn fäerdeg gebautenZ4 konnt awer nach mat Zäit a Sécherheet bruecht ginn. Si gouf spéider op derETH Zürich installéiert a war zu deem Zäitpunkt deen eenzege funktiounsfäege Computer anEuropa. Wärend dem Krich huet den Zuse d'Plankalkül, déi éischt universellProgramméiersprooch vun der Welt entworf, déi awer eréischt am Joer2000 op den deemolege Computeren implementéiert konnt ginn.
Nom Krich1949 grënnt den Zuse schliisslech "Zuse KG", déi puer Joer drop 1200 Leit beschäftegt an deen éischte kommerzielle Seriecomputer vun der Welt hierstellt. Bis1967 goufen am Ganzen 251 Computere gebaut, ënner aneremZ22, deen éischte Computer mat Magnéitspäicher.1964 verléisst hien d'Firma, déi spéider wéinstwirtschaftleche Schwieregkeete vuSiemens iwwerholl gëtt. Hie widmet sech verstäerkt der Hobbymolerei a stierft 1995 am Alter vun 85 Joer am ost-hesseschenHünfeld.
De Konrad Zuse huet eng ganz Rëtsch vun Auszeechnungen an akadeemesch Titele fir seng Verdéngschter kritt. No him sinn zwou Medaile benannt, déi ënner anerem vun der "Gesellschaft für Informatik" fir besonnesch Leeschtungen um Gebitt vun derInformatik vergi ginn.
Een nogebaute Modell vu senger Z3 steet haut am däitsche Musée zuMünchen, ee weideren Nobau vun der Z1 ass am däitschen Technikmusée zu Berlin. Eng restauréiert a voll funktiounsfäeg Z22 mat der Seriennummer 13 ass dem "Zentrum für Kunst und Medientechnologie" zuKarlsruhe amMäerz2005 iwwergi ginn.