Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Kommunikatiounssatellit

Vu Wikipedia
Passive NoriichtesatellitEcho 2 mat 41 Meter Duerchmiesser (kuckt ochEcho 1)
Militäresche Noriichtesatellit vumDefense Satellite Communications Systems
Wéi d'Noriichtesatellitten amGEO stinn (D'Solarzellpaddele weisen ëmmer an Nord-Südrichtung)

Kommunikatiounssatellitten (oderTelekommunikatiounssatellitten) sinn onbemannt kënschtlechSatellitten, déi ronderëm d'Äerd kreesen an Informatiouns- respektivDateniwwerdroung a bestëmmte Gebidder op der Äerd erméiglechen. HirËmlafbunne si relativ héich, fir wäit Gebidder iwwerdecken ze kënnen.

Déi meescht sigeostationär Satellitten, déi virun allemTV- aRadiosprogrammer iwwerdroen (kuckt ochTelevisiounssatellit). E weidere Gebrauch sinn d'Satellittekommunikatioun, d'digital Dateniwwerdroung oder groussraimegeTelefonsverkéier. Nieft de Satellitten, déi vu staatlechen a kommerzielle Benotzer ënnerhale ginn, gëtt et och nachAmateurfunksatellitten.

Allgemenges

[änneren |Quelltext änneren]

Vun den éischten experimentellen Noriichtesatellitten hu verschiddener passiv geschafft, dat heescht, et ware grouss metalliséiert Ballonen, déi vu staarke Riichtfunksenderen ugestralt goufen an d'Funkwelle reflektéiert hunn. Spéider Noriichtesatellittegeneratiounen hunn aktiv geschafft d. h.Transponder u Bord vum Satellit empfänken d'Signal vun derBuedemstatioun, a senden et iwwer Richtantennen nees zeréck an e bestëmmte Beräich um Äerdbuedem. De geographesche Beräich, an deem d'Satellittesignal z'empfänken ass, gëttAusliichtungszon genannt. Bei Noriichtesatellitte mat schwaache Sendeariichtunge gëtt d'Signal nees vun Äerdfunkplazen empfaangen an an d'Telekommunikatiounsnetz agespeist. D'Radiossendunge ginn dann entweeder terrestresch iwwerdroen oder an d'Breetbandkabelnetz agespeist.Äerdfunkplaze fir Kabeltelevisioun gi Kabelkappstatioune genannt.

Modern Noriichtesatellitten hunn Transponder, deenen hir Sender sou leeschtungsstaark sinn, datt si vum Konsument direkt empfaange kënne ginn. Fir eng gutt Signalqualitéit muss eng Quasi-Siichtverbindung zum Satellit bestoen. Eng Signaldämpfung duerch Wänn, Häiser oder staarke Reen erschwéiert den Empfank bis zur Onméiglechkeet.

Verschidden Noriichtesatellitten hunn zousätzlech Funktiounen. Si kënnen z. B. Korrektursignaler fir d'Satellittennavigatioun iwwerdroen.

D'Noriichtesatellitte kreesen ëm d'Äerd op Krees- respektiv Ellipsebunnen. Déi wichtegst Aart vun Noriichtesatellitte si Satellitten déi d'Äerd op engergeostationärer Ëmlafbunn ëmkreesen, also vun der Äerd aus gesinn ëmmer iwwer der selwechter Plaz stinn (Synchronsatellit). Mat dräi ëm jee 120° gedréite Synchronsatellitte léisst sech all Plaz, bis op d'Polgebidder, op der Äerd erreechen. Fir d'Polgebidder gi Satellitten umMolnija-Orbit mat héijer Bunneschréi par Rapport zumEquator benotzt.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Den éischten Noriichtesatellit war deSCORE a gouf den18. Dezember1958 an den USA gestart. Hie konnt Noriichten direkt weiderginn oder huet beim Iwwerfléie vun engerBuedemstatioun eng Noriicht op Band opgeholl an huet s'iwwer enger anerer Statioun nees ofgespillt. De SCORE huet nëmmen 13 Deeg funktionéiert.

D'Feele vun engem Réckkanal war fir normal Noriichteniwwerdrounge (Telefon asw.) net drobar. Ausserdeem war d'Betribszäit ze kleng. Dofir gouf den12. August1960 den éischte passiven NoriichtesatellitEcho 1 gestart. Et war e Ballon mat enger Metalluewerfläch déi relfektéiert. Echo 1 huet d'Signaler reflektéiert, déi eng Buedemstatioun gesent huet, fir s'op eng aner weider ze schécken, wärend déi de Satellit gläichzäiteg benotze konnt, fir op enger anerer Frequenz e Signal fir déi éischt Buedemstatioun reflektéieren ze loossen.

Wéi allerdéngs spéider erkannt gouf, datt nëmme mam Gebrauch vun aktive Satellitten eng effektiv Informatiounsiwwerdroung méiglech ass, huet misse weider an déi Technologie investéiert ginn. Den10. Juli1962 gouf schliisslech den éischten Televisiounssatellit, mam NummTelstar an de Weltraum geschéckt. Den Telstar huet schonn deemools eng TV-Iwwerdroung tëscht Japan, den USA an Europa erméiglecht.

De14. Februar1963 gouf deSyncom 1 als éischten Noriichtesatellit an eng geostationär Ëmlafbunn geschéckt. Well de Syncom 1 net richteg funktionéiert hat, gouf en de26. Juli1963 mamSyncom 2 ersat. Et war den éischte sougenannte Synchronsatellit fir den terrestresche Telekommunikatiounsverkéier.

Den éischte kommerzielle geostationäre Noriichtesatellit war denIntelsat I, och „Early Bird“ genannt. Hie war de6. Abrëll1965 vumCape Kennedy an de Weltraum gestart.

Europa hat eréischt Mëtt vun den1970er Jore mam Start vun Noriichtesatellitten ugefaangen.Déi béid éischt huSymphonie 1 a Symphonie 2 geheescht a goufen den19. Dezember1974 respektiv de27. August1975 gestart. Si waren an Zesummenaarbecht vu Frankräich mat Däitschland entstanen.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
    Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Kommunikatiounssatellit&oldid=2639894
    Kategorie:

    [8]ページ先頭

    ©2009-2026 Movatter.jp