Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Kiew

Vu Wikipedia
Kiew
LandUkrain
VewaltungseenheetUkrain
BuergermeeschterVitali Klitschko
Awunner2.952.301
 1. Januar 2022
Fläch848km²
Héicht179m
Koordinaten50°27'0"N, 30°31'25"O
Telefonszon44
Postcode01000–06999
Websäithttps://kyivcity.gov.ua

Kiew (rus.: Киев [ˈkʲi(ɪ̯)ɪf]) oderKyjiw (uk: Київ [ˈkɪjɪu̯]), ass d'Haaptstad vun derUkrain an och vumOblast Kiew. Et ass déi gréisst Stad vun der Ukrain.

D'Alstad läit op den Hiwwelen iwwer dem FlossDnepr an déi nei Staddeeler leien op béiden Uwänner vum Floss. Kiew zielt knapp 3 Milliounen Awunner a mat senger Agglomeratioun zesummen iwwer véier Milliounen. Wéinst hirer geschichtlecher a kultureller Roll gëtt se alsMamm vun allerussesche Stied a wéinst senge villeKierchen aKléischter alsJerusalem vum Oste bezeechent.

Schreifweis

[änneren |Quelltext änneren]

D'Schreifweis vun der Stad Kiew amkyrilleschen Alphabet ass op Ukrainesch „Київ“ an op Russesch „Киев“. AmLëtzebuergeschen an amDäitschen hat sech d'Schreifweis "Kiew", als Resultat vun engerTranskriptioun vun der russescher Schreifweis an d'laténgescht Alphabet, duerchgesat.

Obwuel d'Ukrain, am Kader vun hirer Onofhängegkeet vun derSowjetunioun, den 1995 Numm opKyiv geännert huet, hu sech däitsch Noriichtenagencen nach am Joer 2014 drop gëeenegt, weiderhin den Numm "Kiew" ze benotzen.

Mat Bezuch op de russeschenUgrëffskrich op d'Ukrain uganks 2022, hunn eng Rëtsch Medien ugefaangen, déi däitsch / lëtzebuergesch Transkriptioun "Kyjiw" vun der ukrainescher Schreifweis ze benotzen.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kiew am Zweete Weltkrich

[änneren |Quelltext änneren]

Aus demZweete Weltkrich bleift Kiew besonnesch an Erënnerung wéinst dem Massaker vu ronn 35.000 Judden an der Griecht vuBabyn Jar.

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]
Méchelskierch zu Kiew

Ekonomie an Infrastruktur

[änneren |Quelltext änneren]

Kiew ass e wirtschaftlechten Zentrum (Stolindustrie, Maschinnebau, Fligerbau, Chimiesindustrie, etc.), Unzéiungspunkt fir den Tourismus an nieftLwiw anOdessa kulturelle Mëttelpunkt vum Land. Wéinst senge ville Kierchen a Kléischter a senger Bedeitung fir déi orthodox Chrëschte gëtt Kiew zanter dem Mëttelalter als „Jerusalem vum Osten“ bezeechent. Déi ukrainesch Haaptstad ass awer och fir Zuch- a Fluchlinnen eng vun de wichtegste Verkéiersdréischeiwe vun Osteuropa an huet en Hafen um Dnepr.

Bekannt Kiewer

[änneren |Quelltext änneren]

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Britta Wollenweber a Peter Franke:Kiew - Stadt der Goldenen Kuppeln am Dnjepr. Ein Reiseführer mit Hintergrund, Berlin, Wostok Verlag, 2004.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Kiew – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Kiew&oldid=2546498
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp