Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Kierch Conter

Vu Wikipedia
Kierch vu Conter

Uertschaft / PlazConter
ParPar Iewescht Syr
Saint-Esprit
DekanatOsten
Numm / PatréinerHelleg Bäerbel
Konsekratioun05.07.1879
Architekt(en)Th. Eberhard
Baujoer1782 - 1788
Koordinaten49° 35’ 06.2’’ N
      06° 13’ 40.3’’ O
Kierchen -Kapellen

D'Kierch vu Conter ass engkathouleschKierch, déi zurPar Iewescht Syr Saint-Esprit, zumDekanat Osten an zu derGemeng Conter gehéiert.

Patréinesch vun der Kierch ass d'Helleg Bäerbel, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Mutferter Strooss, demCR234, op der Kräizung mat derPlace de la Mairie. Hanner der Kierch ass deKierfecht ugeluecht.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

D'Parkierch vu Conter ass zanter 1128 dokumentéiert. 1782 ass de Blëtz dran ageschloen a s'ass verbrannt.Déi haiteg Kierch gouf zum gréissten Deel an de Jore 1782-1788 gebaut. Am Joer 1843 ass se vum ArchitektThéodore Eberhard vergréissert ginn. Aner Verännerunge koumen no; 1955 gouf e Virbau un d'Entréesportal gebaut.

Uergel

[änneren |Quelltext änneren]

Déi neiUergel gouf den 20. Juni 2004 ageweit; et ass eng vun derUergelmanufaktur Weimbs vunHellenthal aus derÄifel. Se huet 15 Regësteren an 2 Manualer. D'Intonatioun staamt vum Friedbert Weimbs.

Kräizwee

[änneren |Quelltext änneren]

De Kräizwee ass aus dem Joer 1969 a gouf vum SculpteurEmile Hulten geschnëtzt.

Grafsteng

[änneren |Quelltext änneren]

AmChouer op der lénkser Säit sti véier Grafsteng vun den Adelsfamillevon Metternich,Metzenhausen aFeltz aus dem16. Joerhonnert.

Biller

[änneren |Quelltext änneren]
  • D'Kierch vu Conter
    D'Kierch vu Conter
  • Den Haaptaltor
    Den Haaptaltor
  • D'Uergel
    D'Uergel
  • D'Helleg Walpurga, Patréinesch vun der Kierch
    D'Helleg Walpurga, Patréinesch vun der Kierch
  • Statioun aus dem Kräizwee
    Statioun aus dem Kräizwee

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Kierch Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Kierch_Conter&oldid=2531844
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp