Kepler-47 ass ePlanéitesystem am StärebildCygnus. Et besteet aus zwéi Stären an zwéi Planéiten. D'System ass 4900 Liichtjoer vun eis ewech. D'Stären ëmkreese sech géigesäiteg a 7,45 Deeg. D'Planéite goufe mat Hëllef vun derTransitmethod am Joer2012 vum WeltraumteleskopKepler entdeckt.
De gréisste vun de béide Stären ass bal sou grous wéi eis Sonn, huet awer nëmme 84 % vun hirerLiichtkraaft, wärend de klengen nëmmen en Drëttel vun der Sonnegréisst an e Véirel vun hirer Liichtkraaft huet.
De bannenzege PlanéitKepler-47 b ëmkreest béid Stären an 49,5 Deeg. Seng Mass ass onbekannt an dofir ass et net kloer, ob et sech ëm eeGas- oderGestengsplanéit handelt. Hien huet ongeféier den dräifachen Äerdradius.
Dee baussenzege PlanéitKepler-47 c ass an derhabitabler Zon, well hien am Duerchschnëtt 87,5 % vun der vergläichbarer Stralung vun der Äerd vu senge Stäre kritt. Hien ëmkreest si an 303,2 Deeg an ass mat 4,6 Äerdradien eppes méi grouss wéi denUranus. Seng Mass ass net bekannt. Méiglecherweis ass de Kepler-47 c e Gasris, soudatt op him kee Liewen existéiere kann, datt wier awer op engem ëmkreesende Mound méiglech.
Commons: Kepler-47 – Biller, Videoen oder Audiodateien |