Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Kepler-20

Vu Wikipedia
Stär
Kepler-20
Opsichkaart fir de Kepler-20 am Stärebild Lyra
Stärebild:Lyra(Lyr)
Daten
EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun19h 10m 47,524s
Deklinatioun+ 42° 20' 19,30"
Visuell Magnitude12,51 mag
Spektralklass:G8
Astrometrie
Distanzzirka 950Lj
Radialvitess:?  km/s
Physikalesch Eegenschaften
Mass:0,912 ± 0,035M☉
Radius:0,944+0,06−0,095
Metallizitéit [Fe/H]:0,02 ± 0,04
Uewerflächentemperatur5,466 ± 93
Alter8,8+4,7−2,7 Mrd.
Aner Bezeechnungen
J19104752+4220194 - Kepler-20
KOI-070 - KIC-6850504

DeKepler-20 ass eStär deen op enger Distanz vun 950Liichtjoer vun eiserÄerd ewech amStärebildLyra läit. De Stär huet ePlanéitesystem, dat aus fënnef bekanntenExoplanéite besteet. Well sengvisuell Magnitude ze schwaach ass, kann de Stär netmat bloussem A gesi ginn. D'Observatioun erfuedert enTeleskop mat engerApertur vun op d'mannst 15 cm (6 Zoll) oder méi. De Kepler-20 ass eppes méi kleng wéi eisSonn an huet 94 % vumSonneradius an ongeféier 91 % vun derSonnemass. Déieffektiv Temperatur vun derPhotosphär vum Stär ass 5.466Kelvin an ass eppes méi kill wéi d'Sonn, wat hir dat charakteristescht gielt Gléie vun engemgielen Zwergstär mat derSpektralklass G8 gëtt. D'Heefegkeet vun aneren Elementer wéi Waasserstoff oder Helium, vun Astronomen alsMetallizitéit bezeechent, ass ongeféier d'selwecht grouss wéi bei der Sonn. Héchstwahrscheinlech ass de Stär Kepler-20 méi al wéi eis Sonn.

Planéitesystem

[änneren |Quelltext änneren]

Den20. Dezember2011 huet d'Wëssenschaftlerteam vumKepler-Weltraumteleskop d'Entdeckung vun engem System mat fënnef Planéite bekannt ginn. De System besteet aus dräiGasplanéiten an de béidenäerdgrousse Planéiten Kepler-20e (den éischte bekannte Exoplanéit ëm enHaaptreiestär an de Kepler-20f, dee méi kleng wéi d'Äerd ass.

Obwuel d'Planéiten d'Gréisst vun der Aerd hunn, si si op kee Fall als äerdänlech ze bezeechnen, well si hire Stär op méi enger kuerzer Distanz wéi d'Äerd ëmkreesen a sech wäit iwwer déihabitabel Zon befannen, woubäi d'Temperaturen op hirer Uewerfläch op 760 °C geschat gëtt, respektiv 427 °C erreechen. Déi dräi aner Planéite Kepler-20b, Kepler-20c, a Kepler-20d sinn op ongeféier vun der Gréisst wéi deNeptun a kreesen och op enke Ëmlafbunnen ëm den Zentralstär.

D'Masse vum Kepler-20e a vum Kepler-20f si geschat. Hir Massebestëmmung ass onsécher, well se ze kleng sinn fir se mat aktueller Technologie duerch d'Radialvitessmethod z'entdecken.

All d'Planéite stinn aBunnresonanzen. Vu bannen no bausse sinn dat 3:2, 4:2, 2:1 an 4:1.

Planéitesystem vum Kepler-20

[änneren |Quelltext änneren]
Planéit
Distanz zum Stär
Entdeckung
(Joer)
Radius
(anR{\displaystyle R_{\oplus }})
Mass
(anM)
Ëmlafzäit
(an Deeg)
Hallefachs
(anAE)
Exzentrizitéit
Kepler-20b20111,918,73,69612190,04537<0,32
Kepler-20e20110,8680,39–1,676,0984930,0630<0,28
Kepler-20c20113,0716,110,8540920,0930<0,40
Kepler-20d20111,0340,66–3,0419,577060,1370<0,32
Kepler-20f20112,75<20,177,611840,3453<0,60

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Kepler-20 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Kepler-20&oldid=2580517
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp