Maximal Ausbreedung vun de Kelten am3. Jh. v. Chr. Ufanksgebitt vun der Hallstattkultur (zirka750 v. Chr.) Ufanksgebitt vun der La-Tène-Kultur (zirka450 v. Chr.)
Kelten (lat.celtae,galli,gr.keltoi,galatai – déi Daper, déi Eedel) ass vun derAntiquitéit un e Sammelbegrëff firVolleksgruppen, déi zanter derEisenzäit duerchEuropa an deelweis doriwwer eraus gezu sinn.
D'Kelte ware weeder en homogeentVollek, nach hu s'eng politesch Eenheet gebilt, nach wousste se vun enger gemeinsamer Identitéit. Awer kulturell a sproochlech (indogermanesch Sproochegrupp) waren d'keltesch Volleksstämm, déi sech vunIrland bis anAnatolien néiergelooss hunn, matenee Famill.
Iwwer siweJoerhonnerte waren d'Kelte praktesch Här a Meeschter a groussen Deeler vun Europa, bis d'Réimer se verdriwwen an ënnerworf hunn.
DenHerodot seet eis, datt d'Griichen zu engem net genee festgehalene Moment dat deemolegt Europa an dräi Kinnekräicher (Zonen) agedeelt hunn: d'Kinnekräicher vun de Kelten, deGermanen an deSkythen, obwuel déi genannt Gruppen ni als homogeen Vëlker existéiert hunn, a si déi Bezeechnunge selwer mol guer net kannt hunn, mä hir eenzel Stämm oder Clanen no Regiounen, no Plazen, noMythen oder no hiren Helde genannt hunn.
Aus der Hallstattkultur ass d'La-Tène-Kultur ervirgaangen (5. Jh. v. Chr.), déi sech séier iwwer hiert Ursprongsgebitt eraus verbreet an hir Virgängerkultur verdrängt huet. D'La-Tène-Kultur huet sech duerch Eruewerungen, Kulturinfluenz aVëlkerwanderunge bis op d'brittesch Inselen an aKlengasien ausgebreet, wou seGalater genannt goufen. Si waren a Stämm organiséiert déi dacks rivaliséiert hunn an deenen hir Nimm mat de Géigende wou se gelieft hunn, zesummenhoungen, sou wéi d'Arvenner an derAuvergne an d'Helveter an derSchwäiz. No enger Serie vun Néierlagen an degallesche Kricher (vun58 bis51 v. Chr.) hu sech dunn awer all La-Tène-Vëlker deRéimer erginn, bis op déi vun de britteschen Inselen, deenen hir Kultur eréischt am5. Joerhonnert mat der Evangelisatioun duerch denHl. Patrick verschwonnen ass.
DeRudolf Pörtner schreift a sengem Buch"Bevor die Römer kamen" Follgendes iwwer d'Kelten:"Als Vollek sinn d'Kelte bis op e puer Reschter ënnergaangen, mä hiert Temperament schaimt a brodelt an eis weider. Hir Onrou, hire Liichtfank, hir Erfindungskraaft, hiert musescht Genie, hiren Individualismus, hiert politescht Onverméigen, hir stänneg Roserei, hiren éiwegen Zodi, hir Krichsloscht, hir Freed um gudde Liewen - dat alles mécht bis haut en Deel vum europäesche Wiesen aus!"
Op de Westränner vun de britteschen Inselen an um Wutz vun derBretagne gëtt et haut nach iwwer eng Millioun Leit déi inselkeltesch Sprooche schwätzen.