Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Katholieke Universiteit Leuven

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Universitéit aFlandern. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.Universitéit Louvain.
Katholieke Universiteit Leuven
Katholieke Universiteit te Leuven
KUL, K.U.Leuven, KU Leuven
TypOrganisatioun, Educatiounsinstitut
LandBelsch
Schülerzuel62.693
 2020
Gegrënnt24. Mee 1970
Koordinaten50°52'40,66813"N, 4°42'1,05736"O
Um Spaweckhttps://www.kuleuven.be/

D'Katholieke Universiteit Leuven (kuerz:KU Leuven)[1],Hollännesch firKathoulesch Universitéit Léiwen, ass engkathoulesch hollänneschsproocheg Universitéit an der belscher StadLéiwen. Et ass déi eelst Universitéit amBenelux.

1968 gouf d'Universitéit am Kader vum flämesch-frankophone Konflikt gespléckt, an d'Université catholique de Louvain (UCLouvain), eng zweet, franséischsproocheg Universitéit, gouf zuLouvain-la-Neuve gegrënnt.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Grënnung am Joer 1425

[änneren |Quelltext änneren]

D'Virgängerinstitutioun vun der haiteger Universitéit gouf iwwer d'peepstlech Bull "Sapientie immarcessibilis" vum 9. Dezember 1425 vumPoopstMartin V. gegrënnt, op Ufro vum HerzogJang IV. vu Brabant. Ufanks hat si véier Fakultéiten: Geeschteswëssenschaften ("Artes"), Kiercherecht, Zivilrecht aMedezin. 1432 huet de Poopst d'Erlabnes erdeelt, eng Fakultéit firTheologie ze grënnen. Zënter hirer Grënnung huet d'Universitéit hire Sëtz an engem Gebai aus dem Joer 1317, dat haut als "Universiteitshal" oder "Lakenhal" bekannt ass.

E bësse méi wéi 100 Joer no hirer Grënnung hu ronn 2.000 Studenten op der Universitéit studéiert, dovu méi wéi 200 aus dem Ausland. Ënner anerem denErasmus vu Rotterdam huet do ënnerriicht a 1517 mam Collegium Trilingue en Zentrum vun denhumanisteschen Aktivitéiten an der kritescher Fuerschung gegrënnt.

Renomméiert Geléiert vum 16. bis zum 18. Joerhonnert

[änneren |Quelltext änneren]

Am 16. Joerhonnert war Léiwen e Refuge fir déi Geléiert aus ganz Europa. Nieft dem Erasmus waren och den AnatomAndreas Vesalius, de KartographGerhard Mercator, de MathematikerGemma Frisius, de PädagogJuan Luis Vives a vill anerer zu Léiwen täteg. D'Universitéit war och eng Festung géint d'Reformatioun an ass der kathoulescher Kierch trei bliwwen, ouni awer eng reliéis Universitéit ze sinn.

Och am 17. an 18. Joerhonnert huet d'Institutioun weiderhi renomméiert Wëssenschaftler ugezunn. Ee vun hinne war den DokterJozef Rega, deen e puer Mol Recteur war. Hien huet 1738 en neie Flillek un d'Universitéitshal baue gelooss, an deem bis zum Feier am Joer 1914 d'Bibliothéik ënnerbruecht war, an och de botanesche Gaart aus dem Joer 1738 an den anatomeschen Theater aus dem Joer 1744 stamen aus senger Zäit.

Zur Zäit vun denÉisträicheschen Nidderlanden huet sech d'Physik als Fuerschungsgebitt eabléiert an et gouf e Laboratoire am fréiere Gebai vun der Artes-Fakultéit etabléiert, dem haitegen M-Museum Leuven. Géint dem Enn vum Zäitalter vun derOpklärung, am Joer 1783, huet de ChemikerJan Pieter Minckelers entdeckt, dattLiichtgas[2] sech fir d'Beliichtung eegent. Trotzdeem war eng intensiv a strukturell verankert Fuerschung zu Léiwen, wéi an den aneren Universitéiten och, nach bal ee Joerhonnert laang net d'Norm sinn.

D'Universitéit huet d'Stadbild méi a méi gepräägt. Déi vill Gebaier, an deenen d'Studente gelieft a studéiert hu, goufen dacks mat der Ënnerstëtzung vun räichen Donateure gebaut a sinn iwwer de ganze Stadkär verdeelt.

Ënnerbriechung tëscht 1797 an 1817

[änneren |Quelltext änneren]

Wéi d'Fransousen d'Stad no der franséischer Revolutioun besat hunn, hu si déi kathoulesch Universitéit 1797 zou gemaach. E puer Joer nom Enn vun der franséischer Herrschaft, wéi déi haiteg Belsch Deel vun demVereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden war, huet den hollännesche KinnekWëllem I. 1817 eng weltlecht Universitéit zu Léiwen gegrënnt, d'Staatsuniveristéit Léiwen, un där vill vun de Professere vun der aler Universitéit Cours ginn hunn. 1834 haten d'Bëscheef vun der Belsch zuMechelen eng nei kathoulesch Universitéit gegrënnt, déi d'Joer drop op Léiwen geplënnert ass an do d'Katholieke Universiteit Leuven ginn ass, nodeems 1835 d'Staatsuniveristéit Léiwen opgeléist gi war.

Am 19. Joerhonnert huet sech d'Universitéit virun allem op d'berufflech Fortbildung konzentréiert. Am Laf vun der Zäit huet sech d'wëssenschaftlech Fuerschung méi a méi op d'akademesch Ausbildung konzentréiert. 1889 gouf den Institut fir Philosophie gegrënnt, fir dat kritescht Denken an Aklang mat dem wëssenschaftleche Fortschrëtt nei ze beliewen. Déi Initiative ënner der Leedung vumDésiré-Joseph Mercier - dee spéiderKardinol gouf - huet d'Bedeitung vun der Integratioun vun der wëssenschaftlecher Fuerschung an eng modern Universitéit ënnerstrach. D'Universitéit huet e staarke Schwéierpunkt op d'Geesteswëssenschafte bäibehalen, awer och an aner wëssenschatlech Beräicher expandéiert. Virun allem déi revolutionär Aarbechte vum ProfesserGeorges Lemaître iwwer dat d'Universum, dat sech ausdeent, an iwwer d'Urknalltheorie hu wiesentlech zur allgemengerRelativitéitstheorie an zurKosmologie bäigedroen.

Spannungen am 20. Joerhonnert

[änneren |Quelltext änneren]
Protestaktioun vun de flammännesche Studente géint d'Virherrschaft vun der franséischer Sprooch op der Universitéit (1968).

Obwuel d'Katholieke Universiteit Leuven am hollänneschsproochegeFlandern läit, war wärend dem ganzen 19. JoerhonnertFranséisch d'Haaptsprooch. Wéinst politesche Spannungen huet sech d'Universitéit an den 1960er Joren an zwou onofhängeg Entitéiten opgespléckt: déi hollänneschsproocheg aktuell KU Leuven, an déi franséischsproochegUniversité catholique de Louvain (UCLouvain), déi op nei Standuerter zuLouvain-la-Neuve aBréissel verluecht gouf. Trotz der Trennung schaffen déi zwéi Entitéiten an der Beräicher Bildung, Fuerschung an Organisatioun weiderhin zesummen.

Am Joer 1968 gouf dePieter De Somer den éischte Rektor vun der onofhängeger Universitéit, déi sech doropshin op den Ausbau vun hirer wëssenschaftlecher an internationaler Presenz konzentréiert huet. An där Zäit koum et zu enger spronghafter Croissance vun der Fuerschung a vun de Studenten, wat zur Entwécklung vun neie Standuerter fir Wëssenschaft, Technologie a Biomedezin gefouert huet. Och d'Universitéitsklinicke goufen an den 1980er ausgebaut.


Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Katholieke Universiteit Leuven – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quellen

[änneren |Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Legal Informatioun zur Univeristéit
  2. op Franséisch:gaz de houille; op Däitsch:Stadtgas oder Leuchtgas
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Katholieke_Universiteit_Leuven&oldid=2545900
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp