Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Katar

Vu Wikipedia
Daulat Qatar (arab.)
Katar

Fändel vum Katar

Wope vum Katar

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch:Arabesch
Haaptstad:Doha
Staatsform:Absolut Monarchie
 • Emir:Tamim bin Hamad Al Thani
 • Premierminister:Khalid bin Khalifa bin Abdul Aziz Al Thani
Fläch:11.437km²
Bevëlkerung:839.213(2005)

DeKatar (arabesch:قطر Qatar) ass e Staat amPersesche Golf. Et ass engHallefinsel a grenzt uSaudi-Arabien.

Lag a Gréisst

[änneren |Quelltext änneren]

De Katar läit am Nordoste vun der Arabescher Hallefinsel a seng Nopeschlänner siBahrain, Saudi-Arabien an d'Vereenegt Arabesch Emirater.

D'Land huet eng Fläch vun 11.437 km². Vu Süden no Norde sinn et 180 km, a vu Westen no Osten 80 km.

Landschaft

[änneren |Quelltext änneren]

Dat ganzt Land ass relativ flaach an eng grouss Partie ass Steewüst bal mat décke Waken, a bal mat Kisel.

Am Südosten um Mier läit d'LagunKhor Udaid, an am Süde gëtt et bis zu 40 m héich Sanddünen.

Am Westen ass d'Hiwelkette vumJebel Dukhan, där hiren héchste Punkt op ongeféier 110 Meter iwwer dem Mier läit. Ëm dat ganzt Land leie Koralleriffer.

Klima

[änneren |Quelltext änneren]

DeKlima ass subtropesch a ganz waarm. Well de Katar zimmlech no um Persesche Golf läit ass et dat ganzt Joer iwwer zimmlech schmeier.

Am Summer (Mee-September) leien d'Temperaturen tëscht 35 °C a 45 °C, an am Wanter tëscht 25 °C a 35 °C. D'Loftfiichtegkeet ass an der Moyenne 8 %. De Katar ass eent vun de Länner op der Welt mat de mannsteNidderschléi, an ass och soss ganz waasseraarm.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Katar – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Katar&oldid=2644149
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp