Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Karatschi

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwerAsien ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Satellittebild vu Karatschi (2016)
DeMazar-e-Quaid Mausoleum

Karatschi (Urdu:كراچىKarācī,Sindhi:ڪراچي,(en)(fr)Karachi) ass déi gréisst Stad aPakistan an d'Haaptstad vun derProvënz Sindh; bis1959 war et déi pakistaneschHaaptstad. Mat 17,2 Milliounen Awunner(2023, geschat)[1] ass Karatschi eng vun de gréisste Stied vun der Welt.

D'Verwaltungsgebitt vu Karatschi ass kee Stadgebitt dat zesummenhänkt, mä besteet aus der Kärstad an enger ländlecher Siidlungsstruktur ronderëm, déi éischter mat enger klenger Provënz ze vergläichen ass. Dat ganzt Verwaltungsgebitt vu Karatschi hat 2023 iwwer 23 Milliounen Awunner, mat 24.000 Leit pro Quadratkilometer[1].

D'Stad ass Wirtschafts-, Handels- a Produktiounszentrum, Verkéiersknuet, Kulturzentrum mat villen Universitéiten, Héichschoulen, Fuerschungsinstituter, Muséeën, Galerien an architektonesche Monumenter an huet de gréissten Hafe vum Land. Eng vun de bedeitendsten Attraktiounen ass deMazar-e-Quaid, deMausoleum vum Grënner vu Pakistan,Muhammad Ali Jinnah (1876 – 1948), deen an der Stad gebuer gouf an och do begruewen ass.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Karatschi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 12Karachi Population 2023.worldpopulationreview.com.Gekuckt den 02.12.2023.
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Karatschi&oldid=2582721
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp