Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Kamerun

Vu Wikipedia
DëseGeographiesartikel iwwerAfrika ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
République du Cameroun
Republic of Cameroon

Fändel vum Kamerun

Kamerunescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: "Paix, travail, patrie" / "Peace, Work, Fatherland"
(lëtz.:Fridden, Aarbecht, Heemecht)
Offiziell Sprooch:Franséisch,Englesch
Haaptstad:Yaoundé
 • Awunner:2 500 000
Staatsform:Republik
 • President:Paul Biya
 • Premierminister:Joseph Dion Ngute
Fläch:475 442km² (54.)
 • DovuWaasser:0.57 %
Bevëlkerung:23 130 708[1](54.)
 • Bevëlkerungsdicht:39.7/km²
Onofhängegkeet:1. Januar1960 (vuFrankräich)
1. Oktober1961 (Reunification matBritish Cameroons)
Nationalfeierdag:20. Mee
Nationalhymn:Chant de Ralliement
Wärung:Zentralafrikaneschen CFA-Frang (XAF)
Zäitzon:UTC +1
Internet TLD:.cm
Internationalen
Telefonsprefix
:
+237

D'Republik Kamerun (opFranséischRépublique du Cameroun an opEngleschRepublic of Cameroon), ass e Staat anZentralafrika.

Déi gréisste Stad ass d'WirtschaftsmetropoleDouala, d'HaaptstadYaoundé ass déi zweetgréisst Stad.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

1472 sinn d'Portugisen als éischt Europäer an d'Regioun komm an hunn dem haitege FlossWouri den NummRio dos Camarões (Floss vun deCrevettë) ginn, well e voll mat Crevettë war. Bis 1884 gouf den Territoire vum haitege Kamerun vu villen ënnerschiddleche Volleksgruppe besidelt. Vun 1884 bis zumÉischte Weltkrich war de Kamerun eng däitschKolonie. Déi däitsch Administratioun huet den NummKamerun fir d'éischt fir d'Regioun ëm Douala, duerno fir d'ganzt Land benotzt.

1916 hunn déi Däitsch no der Interventioun vu franséischen, britteschen a belschen Truppen de Kamerun verluer. Vun 1919 u war de Kamerun e Mandatsterritoire vumVëlkerbond, dee vuFrankräich a vuGroussbritannien verwalt gouf. Duerfir ass déi fréier Kolonie an zwee gedeelt ginn, a Frankräich krut dobäi véier-Fënneftel vum Territoire. No der Opléisung vum Vëlkerbond an der Kreatioun vun derUNO nom zweete Weltkrich gouf de Statut vun den zwee Kamerunen an dee vun Treihandmandater ëmgewandelt, mam offiziellen Zil, eng Eegeverwaltung z'erreechen. An den 1950er huet eng intensiv Onofhängegkeetsbeweegung fir Onrouen am vu Frankräich verwalte Kamerun gesuergt. D'Haaptforce war dobäi d'Union des populations du Cameroun (UPC), där hire LeaderRuben Um Nyobé 1958 vu Frankräich ëmbruecht gouf.

Den1. Januar1960 krut de franséischen Deel seng Onofhängegkeet. Den1. Oktober1961 huet sech den onofhängege Staat Kamerun mat dem südlechen Deel vun deem vu Groussbritannien verwalte Kamerun (British Southern Cameroons) zu der onofhängegerFederaler Republik Kamerun vereenegt. Den Norde vum brittesche Kamerun (British Northern Cameroons) huet sech fir eng Vereenegung matNigeria entscheet. Déi zwou offiziell Sprooche vum neie Staat waren a si Franséisch an Englesch.

Den éischte PresidentAhmadou Ahidjo huet sech als autoritäre Leader etabléiert a seng Partei, d'National Kamerunesch Unioun, gouf 1966 zur eenzeg legaler Eenheetspartei ausgeruff. 1972 huet hien d'Federatioun opgeléist an duerch en Eenheetsstaat ersetze gelooss. Hien ass 1982 zeréckgetrueden a gouf vum deemolege Premierminister an haitege PresidentPaul Biya ersat.

Mëtt der 1980er bis an d'spéit 1990er Jore war d'Land mat Wirtschaftskrise geplot, déi duerch international Wirtschaftskonditiounen, Dréchenten, niddreg Pëtrolspräisser a jorelaangKorruptioun a schlechte Management ausgeléist goufen. 1990 gouf de Multipartismus erëm agefouert, wat ënner anerem dozou gefouert huet dat den anglophonen Deel eng méi staark Autonomie oder souguer Onofhängegkeet gefuerdert huet.

Zanter 2013 ass déi fundamentalistesch TerrororganisatiounBoko Haram aus Nigeria am Norde vum Land aktiv, wat eng grousse Onsécherheet an de RegiounenExtrême-Nord anNord als Folleg huet.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Kamerun – Biller, Videoen oder Audiodateien
Länner anAfrika
Memberstaate vun derAfrikanescher Unioun
Aktuell Memberen
Suspendéiert Memberen
Internationalen net unerkannte Memberstaat
Memberstaate vumCommonwealth of Nations  

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Schätzung Juli 2014:CIA World Factbook
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Kamerun&oldid=2521499
Kategorie:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp