Dësen Artikel iwwer d'TheemaGastronomie ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
EKachbuch ass e Buch, an deem Rezepter stinn, fir bestëmmt Platen zekachen oder ze preparéieren.
Kachbicher kënne variéiere vun einfachen, niichteren Texter bis hin zu opwänneg illustréierten Exemplairen, an deenen niewent Rezepter och nach Texter iwwer d'Kultur, d'Geschicht oder soss Sujete stinn, déi mam Iessen ze dinn hunn.
"Le cuisinier roïal et bourgeois" aus dem Joer 1705
Oscar Schieb,Handbuch der gepflegten Familienküche, 1954, Dréckerei Bourg-Bourger, 178 Säiten, 468 "ausgewielt" Rezepter. Ënner demCopyright vun derSociété Nestlé (Zitat:" Copyright by Société Nestlé (Belgique), Société Anonyme, Bruxelles") huet denelsässesche "Kichechef a kulinaresche Konferenzler bei Radio-Lëtzebuerg" e Bichelchen erausginn, an deem hien net vergësst geleeëntlech drun z'erënneren e puer DrëpseMaggi an d'Iessen ze maachen. De Schieb war Chef-Kach amHotel Staar.
Ketty Thull, "Haushaltungsléierin" huet 19xx "de" Klassiker vun de Lëtzebuerger Kachbicher geschriwwen. Luxemburger Koch- Back- und Dessertbuch, 600 Säiten, 1300 "bewäerte" Rezepter. Villerlee Editiounen. D'Copyright ass hin an hier verkaaft ginn.
Mein Kochbuch erausgi vun der Haushaltungsschoul vunEttelbréck, 1969, (Sankt Paulus Dréckerei).
Pol Tousch,Das Kochbuch aus Luxemburg erausgi vum Hölker Verlag (1980), 143 Säiten, klassesch Lëtzebuerger Rezepter.