Dësen Artikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Juegd bezeechent d'Aktioun vun engemJeeër, déi doraus besteet, en Déier ze fannen, ze verfollegen, an et entweeder lieweg oder doudeg a säi Besëtz ze bréngen. Do wou d'Juegd gesetzlech gereegelt oder bestëmmt Leit virenthalen ass, gëtt déi onerlaabt Juegd matBraconnage an de Jeeër matBraconnier bezeechent.
Méi allgemeng ass Juegd oderJoen eng Handlung vu bestëmmte Liewewiesen, déi dora besteet, aner Liewewiesen ze fänken an doutzemaachen, fir se selwer z'iessen oder hir Nozuucht domat ze fidderen. A verschidde Géigende mécht de Mënsch dat haut nach aus där Ursaach.
Am iwwerdroene Sënn bezitt sech de Begrëff Juegd och op eJuegdrevéier oder engJuegdgesellschaft, oder allgemeng op eng grouss ugeluecht Verfollgung respektiv Sich. An dësem Artikel gëtt d'Juegd beschriwwen, déi de Mënsch mécht, firWëld z'erleeën.
fir Réimaterial ze besuergen, z. B. Pelzer, Haren, Geweier, mat deene Kleeder, Bijouen an aner Géigestänn gemaach goufen.
An neierer Zäit koume weider Grënn derbäi:
Ekologesch Grënn (Populatiounsdynamik, Natierlecht Gläichgewiicht, Ersatz vum ausgerottene Raubwëld,Epidemiebekämpfung);
Wirtschaftlech Grënn baussent der Juegd (z. B. Bestandsreguléierung, fir Wëldschied an der Forst- a Landwirtschaft ze verhënneren);
Fräizäitgestaltung;
gesellschaftlech Representatioun.
Déi opgezielt Motiver existéieren dacks niefteneen. Bei der Juegd spillt d'Heeg eng grouss Roll. Dozou zielt déi allerdéngs ëmstridde Wëldfidderung an den Ubau vuWëldakeren, mat deenen ursprénglech d'Wëld sollt gehollef kréien, besser iwwer de Wanter ze kommen oder vun anere landwirtschaftleche Flächen ofgeleet sollt ginn. Am Kader vun der Heeg ginn och Moossname geholl, déi allgemeng den Ziler vum Naturschutz déngen, z. B. Schutz a Verbesserung vu Biotopen, Renaturéierungen, Heckeplanzungen. D'Ernierung ass e wichtegt Motiv fir d'Juegd well d'Fleeschqualitéit vum Wëld besser ass wéi déi vun Hausdéieren.
Schonn an der Alsteenzäit ass de Mënsch op d'Juegd gaangen. Jeeër a Sammler ass déi gängeg Bezeechnung fir Mënschen aus där Zäit. D'Juegd gouf haaptsächlech fir d'Beschafe vu Liewensmëttele bedriwwen an huet nieft Fleesch och wäertvoll Nieweprodukter geliwwert wéi Schanke fir Geschier, Fluten oder Konschtwierker a Pelzer fir Gezei, Schong, Decken, Zelter oder Täschen, Seene fir ze bitzen a firBéi.
Wéi de Mënsch ëmmer méi siesshaft gouf a bis eng Partie Déierenaarten domestizéiert hat, ass d'Juegd mat allen hire Geforen a Schwieregkeeten als Liewensgrondlag ëmmer méi an den Hannergrond geroden. Schonn an den anticken Héichkulture gouf d'Juegd nieft dem Besuerge vun Iessen an nieft dem Agrëff an d'Natur fir ze reguléieren och schonn als Fräizäitaktivitéit ugesinn.
Grousswëldjuegd: Dës betrëfft grouss Raubdéieren oder och z. B. denElefant an deBison. Dës Juegd gouf haaptsächlech anAfrika,Asien an an Amerika ausgeüübt. Et huet laang gedauert, bis do Gesetzer koume fir déi Déierenaarten ze schützen, an dofir sinn der eng Partie bal guer net méi ze fannen, anerer si leider ganz vum Mënsch ausgerott ginn.
Héich- an Nidderwëldjuegd: Wat als Héichwëld betruecht gëtt, hänkt dacks vun der Legislatioun vum Land of. A verschiddene Länner gehéieren d'Réi zum Héichwëld, an aneren net.
Waasserjuegd gëtt haaptsächlech a Géigende mat ville bejobare Waasservulle gemaach, z. B. a Géigenden, wou vill Weiere sinn, oder um Bord vum Mier.
Usëtz: De Jeeër lauert op enger bestëmmter Plaz op d'Wëld (dacks op engemHéichsëtz).
Pirsch: De Jeeër schläicht duerch de Bësch a geet de Wiessele vum Wëld oder anere Spueren, déi d'Wëld hannerléisst, no.
Klappjuegd: Dreiwer ginn duerch de Bësch a maache Kaméidi, fir datt d'Wëld soll an eng bestëmmt Richtung lafen, wou Jeeër mat Flënte stinn, déi et dann ofschéissen.
Falestellerei.
Baujuegd: Fir Wëld z'erleeën, dat an engem Bau lieft, wéi d'Kanéngercher oder d'Fiiss.
Jeeër leeë Wäert op d'Feststellung, datt se hautdesdaags aner Missiounen hätten, déi méi wichteg wieren, wéi onbedéngt eppes erschéissen ze mussen. Si féieren aus, vill Jeeër wieren anNaturschutzveräiner, an ënnersträichen, datt dacks Jeeër mat Grënnungsmembere vu ville Veräiner a Sektiounen (z. B. vu verschiddene Vulleclibb) waren.
Fir si hätt d'Juegd haut haaptsächlech als Optrag, Wëld z'erhalen a wa méiglech nëmme Stécker z'erleeën, déi an der Iwwerzuel sinn, oder déi krank erauszesënneren.
Juegdkritiker halen deem entgéint, datt d'Natur sech selwer reguléiere géif, an et keen Agrëff vum Mënsch bräicht, an datt bestëmmt Problemer, déi duerch d'Juegd behuewe solle ginn, wéi z. B. d'Iwwerbevëlkerung vu bestëmmte Wëldzorten, duerch d'Jeeër selwer provozéiert géifen, andeems se z. B. an hirem Revéier d'Wëld am Wanter fidderen.