De Josy Simon op der StreckStroossbuerg-ParäisDe Josy Simon als Politiker
DeJosy Simon, gebuer de25. Mäerz1933, ass elëtzebuergesche Leeschtungssportler a fréieren Deputéierten (DP an zanter 1991ADR). Hien ass besonnesch bekannt duerch seng Erfolleger als Leeschtungssportler amGoen.
Berufflech war hien ë. a. Sécherheetschef bei derCLT-UFA. Zanter 2011 wunnt hien amSalzkammergut an ass am Veräin LG St. Wolfgang aktiv. 2017 huet hie vum Goen op d'Lafen ëmdisponéiert.[1]
Uganks vun den 2020er Joren ass hien ëmmer nach als Sportler aktiv: 2021 huet hien de Weltrekord a senger Alterskategorie (dunn 88 Joer) bei deBieler Lauftage (Schwäiz), op enger Streck vun 100 Kilometer, a 17:34.39 Stonnen, gebrach.[1]